Och zu LëtzebuergJapanesch Kiischtebeem an der Bléi

RTL Lëtzebuerg
Et ass e beléifte Fotomotiv. Net nëmme bei Influencer, mee och bei de Fotografen.

Japanesch Kiischtebeem, bekannt als “Sakura,” sinn e Symbol vun der Schéinheet an der Vergänglechkeet an der japanescher Kultur.

All Fréijoer bléien déi rosa a wäiss Bléien. An der japanescher Kultur ass d’Sakura-Zäit eng vun de wichtegsten am japanesche Kalenner. D’Sakura-Bléien si nëmmen e puer Wochen ze gesinn, wat och un d’Vergänglechkeet vum Liewen erënnert.

De
De
© AFP

Japanesch Kiischtebeem sinn net nëmmen e wichtegen Deel vun der japanescher Kultur, mee och eng Attraktioun fir Touristen aus der ganzer Welt. All Joer kommen Dausende vu Leit fir d’Bléien ze bewonneren an d’Magie vun der Sakura-Zäit ze erliewen.

Gewënnspill

Ënnert all de User, déi eis hir Fotoe vun de Kiischtebléien erageschéckt hunn, verspille mer “AirPods Pro”. D’Gewënnerin oder de Gewënner gëtt am Laf vun der nächster Woch kontaktéiert.

Op ville Plazen hei am Land bléien déi japanesch Kiischtebeem grad Wäiss a Ros
A Japan sinn d’ Sakura, wéi se do genannt ginn, e Symbol vun der Schéinheet. A si lauden och d’Fréijoer an.

Back to Top
CIM LOGO