Fir d'éischt Kéier méi Leit ouni Relioun wéi Kierchememberen

© Image Flickr / Michael Dernbach
Historesche Moment zanter Joerhonnerten: Fir d'éischt Kéier an der Geschicht vun Däitschland ginn et méi Leit ouni Relioun wéi Katholicken a Protestanten.
Dat geet aus Donnéeë vun der Fuerschungsgrupp "Weltanschauungen" ervir. Deemno ginn et ronn 39 Millioune Mënschen, déi zu kenger Relioun gehéieren an eng 38 Milliounen, déi nach Member bei enger vun den zwou grousse Kierche sinn.
Enn 2024 hätt et an Däitschland fir d'éischt Kéier méi konfessiounslos Leit (47 Prozent) wéi réimesch-kathoulesch an evangeelesch Kierchememberen zesummen (45 Prozent) ginn, heescht et vun de Fuerscher. No 1990 ongeféier louch den Undeel u sougenannte "Konfessiounsloser" bei knapp 22 Prozent.
Trotzdeem gehéiert d'Majoritéit vun der Bevëlkerung an Däitschland op d'mannst statistesch a rechneresch nach zu Reliounen. Nieft de Membere vun den zwou gréisste Kierche ginn et der Fuerschungsgrupp no ronn 3,3 Millioune Moslemen (4 Prozent Bevëlkerungsundeel) souwéi Honnertdausende weider Chrëschten oder Leit, déi chrëschtleche Communautéiten ugehéieren, dorënner verschidden Orthodoxer, Fräi-Kierchler an Zeugen Jehovas. Donieft ginn d'Fuerscher als weider Reliounen och Alevitten, Buddhisten, Hinduen a Jesiden un. 0,1 Prozent vun der Bevëlkerung an Däitschland sinn ausserdeem Judden.