Eng brasilianesch Famill wunnt zu Lëtzebuerg
D’Nicolle an de Paulo Koglin hu Brasilien verlooss an hu sech getraut, eng Aventure op Lëtzebuerg ze maachen.
A fir si huet d’Gëlle Fra genee esou eng grouss Bedeitung ewéi de Cristo Redentor um Corcovado zu Rio de Janeiro.
D’Koppel wunnt an enger Wunneng am Zentrum vun der Stad Lëtzebuerg. D’brasilianesch Plagë si wäit fort. Si hunn hiert Liewe verännert, an awer weisen de Paulo an d’Nicolle keng Spuere vun Nostalgie, obschonns se elo op engem komplett anere Kontinent doheem sinn.
Alles huet mat enger Rees ugefaangen, erzielt de Paulo: “Nous nous sommes rencontrés en 1998 et notre premier voyage, c'était aux Pays-Bas; et l'ambiance d'Amsterdam, l'ambiance européenne, ça nous a beaucoup plu.”
Europa ass hinnen ëmmer a Gedanke bliwwen. Dat och 20 Joer duerno, wéi d’Nicolle gewuer ginn ass, datt si e Lëtzebuergesche Virfar huet an d'Lëtzebuergesch Staatsbiergerschaft kéint kréien. Dëst war am Joer 2018. De grousse Sprong aus der brasilianescher Stat Curitiba an de Grand-Duché war also méiglech.
Lëtzebuerg war fir si en evidente Choix. “Le fait que le Luxembourg soit un petit pays situé au centre de l'Europe, qu'il y ait beaucoup d'immigrants qui décident d'habiter au Luxembourg, pour moi, ça montre que le Luxembourg est un pays ouvert à la diversité”, zielt d’Nicolle.
D’Koppel kënnt am Februar 2020 un. E schlechten Timing: de Corona-Virus ass kuerz virdrun, d’Welt ze paralyséieren. D’Nicole geet zréck a Brasilien, de Paulo awer entscheet sech, e Joer ze bleiwen.
A Brasilien huet hien an der Branche vun der Publicitéit geschafft. Zu Lëtzebuerg kritt hien op vill Demande keng Äntwert; bis hie vu sengem aktuelle Patron, dem Pedro, eng Äntwert krut. Dat an enger Sprooch, déi senger Mammesprooch immens gläicht.
“La phrase en portugais du Portugal, je ne l’ai pas vraiment comprise parce que, même si c'est la même langue, c'est complètement différent. C’était écrit : ‘Está gira’. J'ai dû utiliser Google pour faire la traduction du portugais du Portugal vers le portugais brésilien et j'ai compris qu’il avait bien aimé”, erënnert sech de Paulo.
Hir Aventure zu Lëtzebuerg koum dunn also an d’Rullen: d'Nicolle an hire Jong Gustavo hu sech dem Paulo ugeschloss. D'Nicole schafft weiderhi fir de Familljebetrib a Brasilien, dat op Distanz. De Gustavo huet 22 Joer a mécht momentan e Studium an der Computer-Wëssenschaft. An hie wier ganz opgebléit zu Lëtzebuerg. “Il a beaucoup changé”, seet de Paulo. “La personne qui est arrivée ici et la personne aujourd'hui sont deux personnes complètement différentes.”

Au Brésil, Paulo était réalisateur dans le monde de la mode et de la publicité / © Paulo Koglin
Haut ass d'Famill op dëser Säit vum Atlantik glécklech. “Demain, je ne sais pas”, erkläert de Paulo. “ll me manque la nourriture, bien sûr. Il me manque quelques amis, mais ça fait partie de la vie. Je me sens très en sécurité ici. Dans plusieurs sens du mot : sécurité émotionnelle, sécurité en général.”
D’Nicolle seet: “La sécurité, pour quelqu'un qui vient du Brésil, ça fait la différence.”