Kanner aus verschiddene Maison-relaise queesch duerch d'Land sinn op Betzder komm, fir bei der Aktioun vu "Caritas Jeunes et Familles" matzemaachen.

Zäit an der Natur, méi Beweegung a frësch Loft. Dat wëll d’"Caritas Jeunes et Familles", kuerz CJF, mat hirem Event erreechen. Traditionell ass dësen Event all Joer an der Ouschtervakanz . Kanner aus verschiddenen Maison-Relaisen queesch duerch d’Land sinn op Betzder komm fir mat ze maachen.

Mat vill Freed lafen d’Kanner ronderëm de Site. Beweegung gëtt hei grouss geschriwwen. Fir d’11. Kéier gouf den CJF Event e Mëttwoch 9. Abrëll organiséiert, dëst Joer ass de Motto “De Bësch beweegt dech”.  Am Riederbësch goufe verschidden Atelieren opgeriicht. Esou wëll een de Kanner Loscht op Natur a Beweegung maachen. D’Zil ass virun allem d’motoresch Fäegkeete vun de Kanner ze trainéieren a Stress ofzebauen.

De Prinzip vum Dag ass, datt d’Kanner aktiv mat decidéieren a matmaachen. Si bestëmme wéi eng Atelieren se maache wëllen a wéi laang. Sie kënnen um Site ronderëm goe wéi se wëllen. Virun allem an der haiteger Zäit ass et wichteg, datt d’Kanner esou Méiglechkeete kréien.

Ronderëm d’Thema "Screen-Life-Balance", gëtt am September fir d’Schoulrentrée déi nei Campagne “Zesummen Aktiv” lancéiert. De But vun dëser Aktioun ass, datt d’Kanner sech rëm méi beweegen. Um Event waren eng 400 Kanner a 70 Erzéier respektiv Fräiwëlleger dobäi.

D’Educateure sollen och eng nei Perspektiv mat an hir Strukturen huelen, fir eventuell de Programm unzepassen.