Bounen à la Bud sinn e grousse Succès

Dem Bud Spencer säi Bouf verkeeft Bounen, déi nom Rezept vu sengem berüümte Papp zoubereet sinn, a verdéngt domat Milliounen.
Hie war studéierte Jurist, Europameeschter am Waasserball an italieenesche Champion am Schwammen, deen zweemol un Olympesche Spiller deelgeholl huet. Weltbekannt ass de Carlo Pedersoli awer als Acteur ginn. Ënnert sengem Kënschtlernumm Bud Spencer huet hie Kultstatus erreecht.
Säi Bouf Giuseppe Pedersoli verdreift neierdéngs "Fagioli alla Bud Spencer" - "Bounen à la Bud Spencer". Et si 400-Gramm-Dousen, op deenen de Portrait vu sengem berüümte Papp ass. "Hien hat eng Virléift fir d'Kachen, an an etleche Filmzeenen hunn hien an den Terence Hill musse Bounen aus Panen iessen. Esou Zeene goufe bis zu 15 Mol widderholl, dowéinst huet de Bud iergendwann d'Bounen no sengem Goût zoubereet, wéi se him am beschte geschmaacht hunn, an esou ass säin Originalrezept entstanen", seet säi Jong Giuseppe an engem Zeitungsinterview.

© bud-power.com
D'Boune kommen aus dem Piemont, et sinn Ënnen dran, gereecherte Speck a verschidde Gewürzer. Italieenesche Medie no rechent dem Pedersoli seng Mark Bud Power dëst Joer mat engem Ëmsaz vun 10 Milliounen Euro. Nieft de Boune verdreiwen se och nach T-Shirten, Pulloveren, Pasta a Protein-Rigelen. Deemnächst soll och nach eng eege Béiermark dobäi kommen.
Zu Berlin gëtt et iwwregens en extra Musée, an deem sech alles ronderëm de Bud Spencer dréint, an zu Budapest hu se him zu Éieren eng Statu opgeriicht.