Fréier gouf Eisenäerz ofgebaut, elo kann een d'Natur genéissen
Bis Ugangs de 70er Jore gouf hei Eisenäerz fir d'Schmelzen ofgebaut. Haut komme vill Leit de Sonnenënnergang an d'Natur op de Schëfflenger Bierg genéissen.
De Schëfflenger Bierg, och nach Lallenger Bierg genannt. Am roude Buedem an an de rouden Häng stécht vill Geschicht, si erënneren un d’Stolindustrie zu Lëtzebuerg. Eisenäerz gouf ënner anerem hei um Bierg ofgebaut. Anescht ewéi an de Minièrë war dëst e Gebitt, wou Tagebau gedriwwe gouf. Änlech ewéi d’Haardt zu Diddeleng oder de Giele Botter zu Nidderkuer. Am Minett gouf Eisenäerz fir d’Schmelzen oftransportéiert.
Zu Schëffleng um Lallengerbierg war 1974 Schluss. Dës Plaz läit tëscht Keel, Schëffleng an Esch. Ronderëm 1889 huet de Lallengerbierg der Societéit "Mines d’Esch" gehéiert. All Dag goufen hei ronn 220 Tonnen Eisenäerz vun iwwer 120 Aarbechter erausgeholl.
Nom Zweete Weltkrich konnt duerch Hëllef vu moderne Maschinne vill Eisenäerz an dëse Gebidder oftransportéiert ginn. Nieft dem Schëfflenger Bierg waren Diddeleng a Bieles zwou wichteg Plazen, fir d’Schmelze mat dësem wichtege Produit ze beliwweren.
Am Joer 1972 gouf den Ufank vum Enn um Lallengerbierg agelaut a quasi bal all Aktivitéiten zu Schëffleng gestoppt.
Zanterdeem ass zu a ronderëm Schëffleng keng Sprengung méi op dësem Bierg ze héieren.
D’Natur huet sech an Tëschenzäit dës Plaz zréckgeholl. Bierebeem, Hecken a méi oder manner kleng a grouss Déiere wunnen an dëser Regioun. Et ass mëttlerweil eng flott Plaz, fir spadséieren ze goen, fir Mënsch an Déier. Et ass e Biotop, deen zanter 2015 geschützt ass.
Vum Schëfflenger Bierg aus huet een eng flott Vue op d’Silhouette vum Belval. Am Hannergrond gesäit een de Bielesser Gaalgebierg oder och den Zolwerknapp.
Ausserdeem hunn hei d’Sonnenënnergäng e ganz besonnesche Charme. Ewéi en Donneschdegowend. Tëscht 19.30 an 20.30 Auer ass d’Sonn lues a lues ënnergaangen. E roude Feierball war ze gesinn. Do virdrunner hate sech Sonn a Mound nach Äddi gesot.
Reegelméisseg kommen och jonk a manner jonk Leit sech dëse Spektakel op de Lallengerbierg ukucken. Mat Frënn a Famill e puer flott Minutte verbréngen. Eng Decke matbréngen, eppes Klengs z’iessen an ze drénken a fir e puer Minutten den Alldag hannert sech loossen.