En Zirkus ganz ouni Déieren - "mir hunn eis musse komplett nei erfannen"

© Raphaël Ferber / RTL Infos
Den Zirkus Nicolas Bouglione ass zanter dem 30. Mäerz an nach bis den 21. Abrëll um Glacis installéiert.
Hei ginn et Spektakelen, ganz ouni Déieren. Den Nicolas Bouglione huet selwer ëmmer mat wëlle Kazen an Elefante geschafft. Zanter 2014 ass et an der Belsch awer verbuede mat wëllen Déieren an Zirkussen ze schaffen, wougéint et zum Beispill a Frankräich awer nach bis 2028 erlaabt ass. Deemno huet den Zirkusbesëtzer mussen ëmdenken. Hie gesäit säin Zirkus awer ëmmer nach als traditionellen Zirkus, just eben ouni Déieren. Dofir kommen da méi Artisten an den Asaz.
De Spektakel dauert ronn 2 Stonnen an d'Kolleege vun infos.rtl.lu ware sech dësen ukucken, an hunn och mam Nicolas Bouglione en Interview gemaach.