Zejoert gouf weltwäit esou wéineg Wäi produzéiert a verkaf wéi zanter 60 Joer net méi.

Wéi déi International Organisatioun fir Riewen a Wäin (OIV) an hirem neiste Rapport schreift, wieren zejoert op der ganzer Welt 214,2 Milliounen Hektoliter Wäi verkaf ginn. Dat wier eng Baisse vun 3,3 Prozent géigeniwwer 2023 an déi nidderegst Verkafszuelen zanter 1961. Deemools goufen 213,6 Milliounen Hektoliter verkaf.

Och d'Produktioun wier esou niddereg ewéi zanter iwwer 60 Joer net méi. Zejoert goufe weltwäit 225,8 Milliounen Hektoliter Wäi produzéiert, wat eng Baisse vu 4,8 Prozent géigeniwwer 2023 ass.

Dem Chef-Statistiker vun der OIV, dem Giorgio Delgrosso no wier eng Kombinatioun aus engem geklommene Gesondheetsbewosstsinn an enger turbulenter ekonomescher Situatioun fir d'Baisse vun de Verkeef responsabel. De Konsument géif d'Fläsch antëscht an der Moyenne 30 Prozent méi deier bezuelen, ewéi nach 2019/20. Déi global Consomatioun wier zanterdeem ëm ronn 12 Prozent gefall.