... 20 Joer: Éischte Vol vum Airbus A380

© AFP
De gréisste Passagéierfliger an der Geschicht vun der Aviatioun ka méi 850 Leit u Bord huelen, a bis Enn 2021 wäerten 251 Stéck gebaut ginn.
Wat ass soss nach alles geschitt op engem 27. Abrëll?
An der Zäit vun der Franséischer Revolutioun gëtt 1790 de radikale Club des Cordeliers gegrënnt. Zil ass et, d'Revolutioun virun ze bréngen, eng Republik méiglech ze maachen, d'Regierung am Aen ze halen a wa néideg ënner Drock ze setzen. D'Membere vum Veräin populariséieren de Motto Liberté, Egalité, Fraternité.
1810 dediéiert de Ludwig van Beethoven enger vu senge Schülerinnen d'Kompositioun Pour Elise. Dat kuerzt, rondoaartegt Stéck gehéiert zu senge berüümtste Wierker an huet d'Form A–B–A–C–A. Zum Pianosstéck sinn 3 Quellen iwwerliwwert, unhand vun deene sech 4 Stadien erkenne loossen, wärend deenen de Beethoven dru geschafft huet. Pour Elise ass also net mol séier niewelaanscht entstanen.
D'Parlament vum Freistaat Preußen stëmmt 1920 säi Groß-Berlin-Gesetz. Duerch déi Reorganisatioun vun der Gemeng Berlin gëtt se op ee Coup zur Weltstad. Déi 7 Stadgemenge Charlottenburg, Köpenick, Lichtenberg, Neukölln, Schöneberg, Spandau und Wilmersdorf mat hire 59 Landgemengen a 27 Bezierker verduebelen d'Awunnerzuel op knapp 4 Milliounen, an den Terrain vun der Stad Berlin wiisst ëm dat 13-facht.
1969 ass et a Frankräich e Referendum iwwer d'Reform vu Senat a Regionalverwaltung. 52,4% vun de Bierger stëmme géint d'Gesetzespropos, déi vum Staatspresident Charles de Gaulle favoriséiert gëtt. Dësen hat virum Vott gesot, am Fall vun enger Néierlag géint hien zrécktrieden - wat en kuerz no Mëtternuecht och maache wäert. Säi Nofollger gëtt de Georges Pompidou.
Haut viru 50 Joer ass d'Italienerin Maria, genannt Lella, Lombardi, déi bis haut eenzeg Fra, déi an enger Formel 1 Course an d'Punkte fiert. Fir hir 6. Plaz am Grousse Präis vu Spuenien, deen ofgebrach gëtt no engem Accident bei deem 5 Spectateuren ëm d'Liewe kommen, krit si en hallwe Punkt. Gewonne gëtt d'Course vum Däitsche Jochen Mass. Et wäert seng eenzeg F1-Victoire bleiwen.
2018 betrëtt mam Kim Jong-un fir déi éischte Kéier e nordkoreanesche Leader südkoreaneschen Terrain, wéi en do de Staatspresident Moon Jae-in trëfft. Wärend hirer Renconter geet et ëm Denukleariséierung a besser Kommunikatioun tëscht béide Staaten. Dass Nordkorea och effektiv Atomwaffen ofbaut an der Suite, ass awer bis haut net confirméiert ginn.