Wien Ouschtere seet, denkt dobäi direkt och un Ouschtereeër. An do ginn et e puer Erklärungen, firwat grad d'Ee sech als Symbol duerchgesat huet.

Et gëllt a ville Kulturen als d'Symbol vum Neiufank a vun der Fruchtbarkeet. Am Chrëschtentum gëtt d'Symbol mat der Opersteeung vu Jesus Christus a Verbindung bruecht, déi Ouschtere gefeiert gëtt.

Een anere Grond kéint aus dem Mëttelalter kommen an op d’Faaschtenzäit zeréckzeféiere sinn. Et ass streng gefaascht gi virun Ouschteren an et ass also och op Eeër verzicht ginn. D'Hénger hunn trotzdeem weider geluecht. Fir déi dann awer no der Faaschtenzäit nach kënnen ze iessen, huet ee se haltbar gemaach, andeems ee se gekacht huet. Fir déi nei vun den alen Eeër ënnerscheeden ze kënnen, huet ee se dunn och nach gefierft.

Aner Interpretatioune ginn dovunner aus, dass d'Eeër ugangs virun allem rout gefierft goufen, fir dem Jesus säi Blutt ze symboliséieren.

Mëttlerweil sinn d'Eeër fir d'Ouschteren ee Symbol, dat een iwwerall gesäit. Nach haut ass et Traditioun, se ze fierwen. Bei eis an enger Partie anere Länner a Kulture ginn d’Eeër fir d’Kanner verstoppt an op Ouschtersonndeg kënne si dann déi faarweg Eeër sichen.

Ee ganz besonnesche Brauch mam Symbol Ouschteree gëtt et an enger Stad zu Bosnien an Herzegowina. Zu Kresevo lieft a schafft de Mateo Ivicevic. Hien ass Schmadd a beschléit fir Ouschteren déi sensibel Eeërschuele mat klengen Huffeisen. Een Handwierk, dat hie vu sengem Papp geléiert huet, deen dat virun him och scho vu sengem Papp geléiert huet. Dës Traditioun kënnt aus enger Zäit,wou een dat de Léierbouwen als Aufgab ginn huet, fir den Ofschloss als Schmadd ze packen. Wien een Ee beschloe kann, huet säin Exame gepackt. Hautdesdaags ass dat net méi Deel vum Examen. Dee Brauch , dee gëtt et awer nach bis haut. De Mateo Ivicevic wëll dat gäre weiderféieren: "Dës Traditioun gëtt et scho ganz laang zu Kresevo an et ass mir eng grouss Éier, fir d'Traditioun weiderzeféieren als dee jéngste Schmadd."

RTL

Net grad esou al, ass déi mëttlerweil dräi Joer al Traditioun vu Chocolatieren aus der Belsch. "Ech probéieren ëmmer e bësse méi ze maachen, wéi dat, wat ech d'Joer virdru gemaach hunn. Et ass esou méi spannend fir mech a vläicht och fir déi aner Chocolatieren. Dës Kéier hunn ech ee Laser mat agebaut. Mir hunn also ganz dënn Schichten aus wäissem Schockela geholl, déi bëssen duerchsichteg sinn. An doduerch gesäit een de Laser duerch, dee bannen am Ee ass", erkläert de Marijn Coertjens, ee vun den Aussteller op der Beloeuf. Hie steet nieft engem groussen Schockelasee, dat hien fir d'Beloeuf gemaach huet. D'Beloeuf ass een karitativen Event, bei deem 35 Chocolatiere grouss Schockelaseeër hierstellen an ausstellen. Dëst Joer war d'Thema "Art Décor". No der Ausstellung ginn d'Eeër fir 750 Euro d'Stéck verkaft. Den Erléis geet un ee Spidol zu Bréissel.

RTL

Al Traditiounen nei opliewen loossen, Sue fir e gudden Zweck sammelen oder engem - ob Mënsch oder Déier - eng Freed maachen mat engem Ee, pardon Ouschteree. Wéi eng Traditioune ronderëm d'Ouschteree kennt Dir? Sot eis et an de Kommentaren.