Keen neie Lëtzebuerger Restaurant mam "Bib Gourmand" ausgezeechent

© thimena (Envato)
15 nei Restaurante ginn am Persbericht 2025 mam prestigiéisen Titel ausgezeechent. Dëst Joer ass awer keen aus dem Grand-Duché mat dobäi.
Den 28. Abrëll ass e wichtegen Datum fir d'Lëtzebuerger Restaurant-Zeen: da ginn d'Gastronomen a Restaurateuren an der Belsch an dem Grand-Duché op enger Zeremonie zu Antwerpen gewuer, wéi an ob se am neie Michelin-Guide kotéiert ginn.
Elo ewell ass gewosst, datt hei am Land kee weideren oder neie Restaurant de Label vum "Bib Gourmand" kritt. Et kommen zwar an der Belsch-Lëtzebuerger Michelin-Editioun 15 Bib-Gourmand-Restauranten derbäi, mee keen dovun ass am Grand-Duché.
Eleng zu Bréissel kommen dräi Bib-Gourmand-Etablissementer dobäi, ënnert anerem mat der thailännescher Kiche vum "Lune Siamoise" zu Ixelles an dem "Au Repos" zu Uccle.
Scho virun der Zeremonie den nächste Méindeg ass gewosst, datt am neie roude Gourmet-Guide eng Dosen nei Restaurante figuréieren: hei am Land ass dat de "Bistrot vum Kachatelier" zu Manternach, wou den Harald a Maximilian Rüssel hire gastronomeschen Input an der Kiche ginn.
Am Michelin prominent vertruede sinn awer och den "Opéra" am Rollenger Gronn, den "Archibald de Prince" zu Lauterbuer an de "Fields" vum René Mathieu, dee sech am Hotel Airfield um Findel installéiert huet.