... 57 Joer: Ufank vun de Studentenonrouen zu Paräis

© AFP
Nodeems Studente Raimlechkeete vun der Universitéit Sorbonne zu Paräis besat hunn, reagéiert d'Police mat Gewalt. Wochelaang Protester sinn d'Suite.
Wat war soss nach alles lass op engem 3. Mee?
An Act to Provide for the Better Government of Ireland heescht en irescht Gesetz, dat 1920 a Kraaft trëtt an d'Land a Nordirland a Südirland opdeelt. Et ass e Versuch vun der brittescher Regierung, déi iresch Nationalisten op där enger, an d'Uniounisten op där aner Säit zefridden ze stelle mat engem eegene Parlament an all Land. Et bleift beim Versuch - Südirland wäert ni Realitéit ginn.
Haut viru 85 Joer annuléiert den IOC d'Olympesch Spiller vun 1940. Dës sollte fir d'éischt zu Tokio ofgehale ginn, waren awer wéinst dem Krich mat China op Helsinki verluecht ginn. Do geet et lo och net, well den Zweete Weltkrich ausgebrach ass. Déi éischt Spiller nom Krich sinn 1948 zu London. Helsinki ass 1952 drun, an Tokio eréischt 1964.
1979 ass et d'Néierlag fir dem brittesche Premier Callaghan seng Labour Party bei de Wale vum britteschen Ënnerhaus. D'Oppositioun vun der Conservative Party gewënnt, an domat gëtt d'Margaret Thatcher nei Premierministesch. Als Iron Lady polariséiert si a wäert bis Enn 1990 déi politesch Geschécker vu Groussbritannien an der Hand hunn.
Zu Portland am Oregon fänkt haut viru 25 Joer den Trend vum Geocaching un. Et ass eng Aart Schatzsich, bei där am Internet geographesch Koordinate vun engem klenge Behälter verëffentlecht ginn, dee mat engem GPS-Empfänger lokaliséiert ka ginn. Do dran ass e Bichelche fir säi Numm dran ze schreiwen, an dacks verschidden Objete fir ze tauschen. Am Netz luet een eng Foto dovun erop, sou dass de Besëtzer weess, dass seng Cache fonnt ginn ass. Wichteg beim Geocaching: net ageweite Leit dierfe näischt vun esou enger Sich mierken.
2008 kascht de Passage vum Zyklon Nargis iwwer Myanmar bal 85.000 Leit d'Liewen, honnertdausende verléieren hiert Doheem, ëm 24 Millioune Leit si vun der Katastroph betraff. An der Suite wäert de Militärregime awer refuséieren, auslännesch Hëllefsequippen an d'Land ze loossen a confisquéiert Hëllefsgidder.