... 104 Joer: Chanel Nº 5 kënnt eraus

© Christoph Hardt/Geisler-Fotopres / Geisler-Fotopress / dpa Picture-Alliance via AFP
De Fraendoft gëllt als erfollegräichste vun allen Zäiten - weltwäit gëtt all 30 Sekonnen e Flacon verkaaft.
Wat ass soss nach geschitt op engem 5. Mee?
1835 gëtt tëscht Bréissel a Mechelen déi éischten Eisebunnslinn um europäesche Kontinent a Betrib geholl, op där Persounenzich no engem Fuerplang verkéieren. Ënnert den éischte 900 Passagéier ass och de Kinnek Leopold I. D'Belsch sinn dat éischte Land, dat de Bau vun Eisebunnslinne staatlech fërdert, an haut eent vun den dichtste Netzer op der Welt huet.
1930 gëtt de Mahatma Gandhi verhaft, well en op sengem Salzmarsch e Mount virdrun de brittesche Salzmonopol gebrach hat. Déi 3 Woche laang Aktioun ass de längste Protestmarsch vun allen Zäiten. Indesch Bierger hunn deemools weder Salz gewanne nach verkafen dierfen. Nieft dem Gandhi gi weider ronn 50.000 Inder verhaft, déi sech senger Onofhängegkeetsbeweegung ugeschloss haten.
Zu London ënnerschreiwe 1949 10 Vertrieder vun Europäesche Länner déi Charta, mat där den Europarot gegrënnt gëtt. Mam sougenannten Europadag gëtt dësem Akt all Joer geduecht. De 9. Mee ass e weideren Europadag - dësen huet als Hannergrond d'Schuman-Erklärung vu 1950, déi un d'Urspréng vun der Europäescher Unioun erënnert.
3 Woche nom Juri Gagarin gëtt 1961 den Amerikaner Alan Shepard den 2. Mënsch, deen an de Weltall flitt. Anescht wéi säi sowjetesche Kolleeg ëmkreest de Shepard awer net d'Äerdkugel, mä lant scho no 15 Minutten erëm am Atlantik. Déi amerikanesch Technik ass nach net souwäit. Hie wäert 1971 dofir awer mat Apollo 14 um Mound landen.
1980 hunn irakesch Terroristen zanter 6 Deeg déi iranesch Ambassade zu London an hirer Gewalt. Op Uerder vun der Premierministesch Margaret Thatcher ginn d'Raimlechkeete gestiermt, nodeems eng vun de 26 Geiselen erschoss ginn ass. D'Aktioun dauert 15 Minutten - 5 vun de 6 Terroriste kommen ëm.
Haut viru 40 Joer sinn den US-President Ronald Reagan an den däitsche Bundeskanzler Helmut Kohl zu Bitburg, fir am Kader vum 40. Joresdag vun der däitscher Kapitulatioun um Zaldotekierfecht Kränz néier ze leeën. Et kënnt zur sougenannter Bitburg-Kontroverse, well ënnert de begruewenen Zaldoten och Membere vun der Waffen-SS sinn. Am Virfeld war dem Reagan scho vu sengem Representantenhaus vun dëser Visitt ofgerode ginn.
1990 fänkt zu Bonn déi éischte Ronn vun de sougenannten Zwee-plus-Véier-Gespréicher un. BRD an DDR op där enger, déi 4 Besatzungsmuechte Frankräich, Groussbritannien, Sowjetunioun a Vereenegt Staaten op där aner Säit verhandelen iwwert déi däitsch Reunifikatioun. Gutt 4 Méint méi spéit wäert den Zwee-plus-Véier-Kontrakt zu Moskau ënnerschriwwe ginn.