En ass den Highlight vun der Exposition Universelle zu Paräis. Den Tuerm ass 312 Meter héich an domat dat héchste Bauwierk vun der Welt.

Haut virun...

Wat ass soss nach geschitt op engem 6. Mee?

1851 krit den Amerikaner John Gorrie e Patent op seng Maschinn, déi Keelt produzéiere kann. Den Dokter huet no Weeër gesicht, fir d'Loftqualitéit an de Spideeler vu Florida ze verbesseren. Seng Erfindung kann Äis produzéieren an e Raum ofkillen. Fir seng Klimaanlag gëtt de Mann awer ausgelaacht an huet kee wirtschaftleche Succès domat.

1910 gëtt den George V. Kinnek vum Vereenegte Kinnekräich a Keeser vun Indien. No innepoliteschem Drock wärend dem Éischte Weltkrich ännert hien de Numm vu senger Dynastie Sachsen-Coburg und Gotha. Zanterhier dréit d'Kinnekshaus den Numm Windsor. 2023 gëtt säin Urenkel Charles III. um selwechten Dag och zum Kinnek vu Groussbritannie gekréint.

1937 kënnt et an den USA zur Katastroph vu Lakehurst, wéi déi dat däitscht Loftschëff Hindenburg beim Versuch ze landen a Flamen opgeet. Duerch eng bis haut ongekläerten Ursaach entzünt sech e Gas-Loft-Gemësch. 36 Persoune stierwe beim Accident, 64 iwwerliewen. Et ass den Ufank vum Enn vun de kommerzielle Volle mat Zeppelinen.

1974 trëtt den däitsche Bundeskanzler Willy Brandt zréck, wéi erauskënnt, dass de Günter Guillaume, ee vu sengen enkste Mataarbechter, fir de Geheimdéngscht vun der DDR spionéiert. Och deem seng Fra gëtt enttarnt. Et ass de gréisste Spionagefall an der däitsch-däitscher Geschicht. Successeur vum Brandt gëtt den Helmut Schmidt.

Haut virun 31 Joer weien d'Kinnigin Elizabeth II. an de franséische President François Mitterrand den Eurotunnel an. Dësen ass 50,45km laang an huet 15 Milliarden Euro kascht - duebel souvill wéi ugangs geplangt. Den éischte Gidderzuch wäert e Mount méi spéit doduerch fueren, déi éischt Passagéier musse sech nach 6 Méint gedëllegen.

Dee selwechten Dag gëtt den US-President Bill Clinton vu senger fréierer Mataarbechterin Paula Jones verklot wéinst sexueller Belästegung. 4 Joer méi spéit gëtt déi Klo ofgewisen, obwuel d'Riichter Zweiwel hunn um Clinton sengem moralesche Verhalen. Hie muss 850.000 Dollar Strof bezuelen. Dat meeschte Geld dovu kréien der Jones hir Affekoten. Zu deem Zäitpunkt ass d'Lewinsky-Affär schonn à la une...

Mat 53 Prozent vun de Stëmmen am zweeten Tour vun den Elektioune setzt sech de konservative Nicolas Sarkozy 2007 géint d'Ségolène Royal duerch a gëtt neie franséische President. Genee 5 Joer méi spéit verléiert hie géint de sozialistesche Kandidat François Hollande.