... 85 Joer: Nazidäitschland iwwerfält Lëtzebuerg

© Leemage via AFP
Mam Westfeldzug marschéieren déi Däitsch an Holland, an der Belsch an am Grand-Duché an. D'Groussherzogin Charlotte an d'Regierung ginn an den Exil.
Wat ass soss nach alles passéiert op engem 10. Mee?
1872 gëtt déi amerikanesch Fraerechtlerin Victoria Woodhull als éischte Fra fir de Poste vum US-President virgeschloen, obwuel Fraen zu deem Zäitpunkt nach guer keen aktiivt Walrecht hunn. Si setzt sech fir sozial Reformen an d'Gläichberechtegung vun den Afroamerikaner an. D'Unhängerin vun der fräier Léift gëtt doropshi vun hire Géigner als Mrs Satan bezeechent.
1933 ginn a méi wéi 20 däitsche Stied Bicher verbrannt vun Auteuren, déi jiddesch sinn, oder déi pazifistesch oder kommunistesch Iddie verbreeden. D'Aktioun „Wider den undeutschen Geist“ ass fir owes spéit geplangt, um Radio gi passend Reportage gesent. Well et zu Berlin riicht ra reent, mussen d'Pompjeeë mat Bensinn nohëllefe, fir d'Bicher un d'Brennen ze kréien.
1949 gëtt Bonn déi nei provisoresch Haaptstad vun der Bundesrepublik Däitschland. Mat enger knapper Majoritéit vun 33 zu 29 Stëmmen ka Bonn sech géint Frankfurt/Main duerchsetzen, dat eigentlech de Favorit war. Hire Buergermeeschter hat schonn eng Ried fir de Radio ophuele gelooss. De Begrëff Haaptstad gëtt mam Ausdrock Regierungssëtz awer nach bewosst evitéiert. Réischt 1970 wäert Bonn offiziell den Titel Bundeshauptstadt kréien.
Bei sengem drëtten Ulaf gëtt de François Mitterrand 1981 franséische President. Am zweeten Tour vun de Presidentielle kann hie sech géint säi konservative Konkurrent Valéry Giscard d’Estaing duerchsetzen. Hie ass den éischte sozialistesche President vun der Fënnefter Republik, a wäert bis 1995 am Amt bleiwen.
Haut virun 20 Joer gëtt zu Berlin d'Monument ageweit fir un déi ermuerte Judden an Europa wärend dem Zweete Weltkrich z'erënneren. Et besteet aus 2711 groe Quaderen aus Bëtong a läit südlech vum Brandenburger Tor um Terrain vum Joseph Goebbels senger fréierer Stadvilla - bei den Aarbechte gouf de Bunker vun deem Haus erëmfonnt. Wärend der däitscher Deelung ass hei de sougenannten Todesstreifen vun der Berliner Mauer verlaf.
Och 2005 ass et um 10.Mee en Uschlag op den US-President George W. Bush, wéi dësen zu Tiflis a Georgien eng Ried hält. Den Attentäter gehäit eng schaarf Handgranat a Richtung Podium. Well de Mann se ze enk mat engem Duch ëmwéckelt huet, kann de Bigel sech net richteg léisen an et kënnt net zur Explosioun. Den Eenzeltäter ka spéider festgeholl ginn.