... 158 Joer: Lëtzebuerg gëtt onofhängeg

Um Londoner Kongress decidéieren d'Groussmuechten, dass de Grand-Duché op éiweg neutral an onofhängeg soll sinn. Et ass d'Enn vun der Lëtzebuergkris.
Wat ass soss nach alles geschitt op engem 11. Mee?
Siam gëtt 1949 endgülteg an Thailand ëmbenannt. 1939 war de Numm scho mol geännert ginn, nom Enn vum Zweete Weltkrich an der japanescher Besatzung hate se nach emol de Numm Siam ugeholl. Grond fir déi definitiv Ëmbenennung: Siam wier virun allem vun den Auslänner gesot ginn. Thailand soll d'Virherrschaft vun den Tai-Stämm am Land manifestéieren, mam Usproch, z'expandéieren a verluere Gebidder zréckzekréien.
1960 entféiert den israeelesche Geheimdéngscht Mossad zu Buenos Aires de fréieren SS-Mann Adolf Eichmann, dee mat responsabel ass fir de Mord u Millioune Mënsche wärend dem Zweete Weltkrich. Ënnert dem Numm Ricardo Klement hat den Eichmann sech an Argentinien verstoppt. Hie gëtt an Israel bruecht, wou him e Joer méi spéit de Prozess wäert gemaach ginn.
1981 ass et am Londoner West End d'Uropféierung vum Andrew Lloyd Webber sengem Musical Cats. Den Text baséiert op engem alen englesche Kannerbuch. Genee 21 Joer méi spéit ass et um selwechten Dag no méi wéi 9000 Virstellungen de leschte Riddo zu London. Cats ass mat méi wéi 50 Millioune Spectateuren eent vun den erfollegräichste Musicallen iwwerhaapt.
Zu Bradford am englesche Yorkshire kënnt et haut viru 40 Joer zu enger Brandkatastroph. Nom leschte Match vun der Saison wëllt d'Ekipp vu Bradford City den Opstig an déi 2. Liga feieren. Ënnert der aler hëlzen Haapttribün brécht wärend der Partie e Feier, an doropshin eng Panik aus - 56 Fans kommen ëm d'Liewen, 265 gi blesséiert.
Am Joer 2000 deelt Indien mat, dass bei hinnen am Land elo méi wéi eng Milliard Leit liewen. Entretemps si knapp 500 Millioune Leit dobäi komm, sou dass haut knapp 18% vun der Weltbevëlkerung an Indien liewen. Nach eng Kéier ronn 20 Millioune Leit méi liewen a China. Domat maache béid Länner zesumme méi wéi en Drëttel vun der Weltpopulatioun aus.
2010 beschléisst den Europäesche Rot d'Ariichte vun engem Euro-Rettungsprabbeli mat engem Ëmfank vu 750 Milliarden Euro. Domat gëtt aus der griichescher Staatsscholdekris eng Eurokris.