Mat vill Damp an d’Minn eran
20 Benevoller assuréieren de gudden Oflaf mat der Minièresbunn. Si fiert all Sonndeg a bal all d'Feierdeeg tëscht dem Fond-de-Gras a Lasauvage.
Den 1. Mee huet déi néi Saison vun der "Minièresbunn" am Minettpark vum Fond-de-Gras ugefaangen. All Sonndeg an op ville Feierdeeg fiert ee mat hir an eng längst vergaangen Zäit. "All Sonndeg fuere mir mat de Leit aus dem Fond-de-Gras bis op Lasauvage", esou de Paul Hessé, pensionéierte Geschichts- a Geosproff an elo Benevole bei der "Minièresbunn".
Mat der Damplokomotiv geet et bis virun d’Entrée vun der fréierer Minn "Doihl" zu Rodange. "Mat elektresche Maschinne fuere mir duerch d’Galerien. Si waren an dëser oder anere Minne vum Land am Asaz", erkläert mir de Paul Hessé. "Déi Waggonen, déi um Galerieszuch hänken, si Waggonen, déi sinn ëmgebaut ginn. Dat ware Ween, déi fréier am Gotthardtunnel, wéi dee gebaut gouf, gebraucht goufen, fir d’Steng erauszehuelen. Si sinn elo ëmgebaut ginn, uewen zougemaach ginn. Diere, Fënsteren a Bänke koumen eran. Et sinn zwee Waggonen an déi si gutt fir duerch d’Galerie ze fueren".
Am Joer 1990 gouf d’asbl "Minièresbunn" gegrënnt an haut zielt de Club 20 Memberen. Dovunner sinn der 12 reegelméisseg aktiv. All Sonndeg oder op all Feierdag ginn eng sechs Leit fir de Betrib gebraucht.
"Aus Sécherheetsgrënn huele mir maximal 50 Leit an d’Galerie mat eran", esou de Paul Hessé. 8 Euro bezuelen déi Erwuessen a Kanner bis 11 Joer 6 Euro.
Als Damplokomotiv am Asaz ass eng Maschinn vum Typ "Kraus". Si ass vun 1895 an der Minn ass si virdrunner ni gefuer. An der Stengeforter Schmelz gouf d’Lokomotiv agesat a spéider zu Wolz an der Liederfabrick.
Aktuell hunn d’Frënn vun der "Minièresbunn" eng Damplokomotiv, véier elektresch Maschinnen an dräi Dieselloken. "Enn dëser Saison, ugangs nächst Saison, soll och déi zweet Damplokomotiv asazbereet sinn. Déi ass och fréier hei an de Galerie gefuer", erkläert mir de Paul Hessé.
D’Leit, déi mat der Bunn duerch d’Minn fueren, kréien e flotten Abléck an eng Aarbecht, déi deemools alles anescht ewéi einfach war. Wärend 1,5 Kilometer geet et duerch déi al Minn.
"Wärend ronn 20 Minutte kënnen d’Leit hei an der Minn ronderëm kucken, wéi fréier geschafft gouf," weess nach de fréiere Professer. "D’Leit kënne Fotoe maachen, d’Kanner kënne sech d’Maschinnen ukucken a sech och mol dropsetzen".
Zu Lasauvage ukomm, kann een entweder do en Tour duerch dat pittoresk Duerf maachen. Hei hunn deemools virun allem d’Aarbechter aus der Minn gewunnt. Et kann een awer och mat engem anere, klengen Zuch bis eriwwer op Saulnes fueren. Dëst ass dat éischten Duerf a Frankräich. "Dat sinn Draisinen. Déi waren all motoriséiert. Mat engem Diesel, deen aus Ostdäitschland kënnt, geet et dann op Saulnes", esou de Paul Hessé.
D’Minièresbunn am Fond-de-Gras. D'Departe sinn nomëttes um 15, 16 a 17 Auer am Fond-de-Gras. Nieft dem "Train 1900" eng aner flott Méiglechkeet, e puer flotter Stonnen am Minettpark zu Nidderkuer ze verbréngen.
Méi Informatioune kritt een op: www.minieresbunn.lu