Haut virun...

Wat ass soss nach alles passéiert op engem 14. Mee?

1894 gëtt eng Aart britteschen Eiffeltuerm ageweit. Déi faméis franséisch Konstruktioun ass d'Virlag fir den 158 Meter héije Blackpool Tower, deen och aus Stol ass. Um Bord vun der irescher Séi geleeën, gesäit den Tuerm aus, wéi wann een d'Spëtzt vu sengem franséische Virbild dohi gestallt hätt. Den däischterrouden Tower ass zanterhier eng beléiften Touristenattraktioun.

Haut virun 125 Joer fänken zu Paräis déi zweet Olympesch Spiller un. D'Kompetitioune geroden am Kader vun der Weltausstellung awer zur Niewesaach a verdeele sech iwwer 5 Méint. Am Marathon gewënnt de gebiertege Lëtzebuerger Michel Théato d'Goldmedail. An de Gewënnerlëschte vum IOC steet awer bis haut hie wier Fransous gewiescht.

1948 deklaréiert Israel ënnert dem Ministerpresident David Ben-Gurion seng Onofhängegkeet, woumat dat brittescht Mandat vum Vëlkerbond fir Palestina op en Enn geet. Nach an der nächster Nuecht kritt déi jonk Natioun vun den arabesche Nopeschlänner Ägypten, Syrien, Jordanien an Irak de Krich erkläert, déi d'Existenz vun engem jiddesche Staat Israel net akzeptéiere wëllen.

Um 70. Anniversaire vun dëser Onofhängegkeet, haut viru 7 Joer, verleeën d'Amerikaner hir Ambassade vun Tel Aviv op Jerusalem. International Protester sinn d'Suite, grad esou wéi Onrouen an der Gazasträif, déi vum israeelesche Militär néiergeschloe ginn. Op d'mannst 60 Leit kommen dobäi ëm d'Liewen.

Haut viru 27 Joer stierft de Frank Sinatra. De Sänger an Acteur mat italieeneschen Originne gëtt wéinst senger markanter Stëmm The Voice genannt. Hie bléckt um Enn op eng Karriär zréck, déi sech iwwer 7 Joerzéngten zitt. Seng Albumen hu sech méi wéi 150 Millioune Mol verkaaft.

Haut virun 20 Joer geléngt et engem franséische Pilot, mat sengem Helikopter ganz uewen um Mount Everest ze landen. No zwou Minutten an 8.848 Meter Héicht hieft hie rëm of a stellt domat de Rekord op fir den héchsten Take-off vun engem Gefier dat fléie kann. Den Dag drop widderhëlt de Mann säi Vol erfollegräich. Gebrach gi kann dëse Rekord jo net méi.