Belsch Stad Knokke geet géint de villen Trafic vir

© Photo by NICOLAS MAETERLINCK / BELGA / AFP
Wéi de belschen RTL mellt, hunn d'Autoritéiten vu Knokke elo Mesurë geholl, fir dem villen Trafic bei guddem Wieder Meeschter ze ginn.
Den 1. Mee hätte 40.000 Autoe fir Stau a Roserei bei den Touristen an den Awunner gesuergt. Am Summer wëll een zu Knokke, enger Stad, déi och bei ville Lëtzebuerger ganz beléift ass, dowéinst elo méi streng duerchgräifen.
D'Touriste ginn incitéiert, an der Peripherie ze parken, an den Zentrum vun der klenger Stad gëtt dann fir den Autostrafic gespaart. An engems wëll d'Police dann och verstäerkt kontrolléieren. Et misst een dann einfach e bësschen trëppelen, fir bis op d'Plage ze kommen, seet d'Buergermeeschtesch Cathy Coudyser.