E Samschdeg fänkt de Mëtteg um 15.30 fänkt d'Oktav offiziell un. Dëst Joer steet ganz am Zeeche vum 400. Anniversaire vun der Muttergottesveréierung. 

Startschoss fir de Mäertche war awer schonn e Freideg. No 5 Joer sinn d'Stänn nees zréck um Knuedler. Awer an e bësschen engem anere Look. Op Initiative vun der Gemeng gouf e groussen Iwwerdaach an der Mëtt vun der Plaz installéiert,  wou een drënner iesse kann. Grouss Restaurantsbuden dogéint gëtt et dëst Joer keng méi. De Mäertche wéi och d'Oktav ginn nach bis de 25. Mee.