Den Alter fir d'Groussjäregkeet hei zu Lëtzebuerg gëtt 1975 vun 21 op 18 Joer erofgesat. Op ee Coup gi ronn 12.000 jonk Leit "erwuessen".

Wat ass soss nach alles passéiert op engem 18. Mee?

1897 presentéiert den ireschen Auteur Bram Stoker zu London säi Vampirroman Dracula, a Form vun enger zeenescher Liesung. Den Acteur, deen de Vampir als éischte spillen dierf, heescht Thomas Jones. Entretemps ass den Dracula de warscheinlech bekanntste Vampir vun der Literaturgeschicht.

Wer hat's erfunden? An dësem Fall waren et d'Schweeden - 1951 kënnt do eng nei Form vu Verpakung eraus, déi jee no Produit deen dra kënnt, eng aner Beschichtung huet. Den Tetra Pak ass gebuer als Alternativ zum Glas oder zur Béchs. Hire Slogan "Schützt wat gutt ass" ass, esou wéi e Logo, weltwäit rechtlech geschützt.

1969 flitt Apollo 10 an de Weltall. Déi dräi Astronauten u Bord testen an dëser Generalprouf eng leschte Kéier all d'Systemer fir déi geplangte Moundlandung. Wéi se 8 Deeg méi spéit an d'Äerdatmosphär antrieden, erreechen se eng Relativ-Vitess vu knapp 40.000 km/h - déi héchsten déi de Mënsch jeemools erziilt huet.

1974 gëtt a Polen de Sendetuerm vu Radio Warschau fäerdeg. En ass 646,38 Meter héich a weit 420 Tonnen. Déi 2 Sendere stralen de polnesche Programm aus bis a Kasachstan, Irak, Iran, Europa a Nordamerika. All Polen déi an den USA liewen, kënnen esou d'Noriichte vun doheem lauschteren. Wéinst schlechtem Ënnerhalt fält déi deemools héchste Konstruktioun vun der Welt am Summer 1991 zesummen.

1980 brécht am US-Bundesstaat Washington de Mount St. Helens aus. Dëse Vulkanausbroch ass ee vun de stäerksten am 20. Joerhonnert. 57 Mënschen an dausende Déiere kommen ëm d'Liewen. D'Explosioun huet eng Stäerkt vu 24 Megatonnen TNT (1600x Hiroshima-Bomm), se wërft méi wéi 4 Kubikkilometer Material aus a verwüst honnerte Quadratkilometer Land.

Dee selwechten Dag gëtt zu Gwangzhou a Südkorea eng friddlech Demonstratioun fir méi Demokratie am Land bluddeg néiergeschloe vum Militär. An de 9 Deeg dono kënnt et zu weideren Affrontementer, déi um Enn an engem Massaker endegen. Bis zu 2000 Leit, gëtt geschat, verléiere bei dëse Protester hiert Liewen.