"Mir erwaarden eis, datt d'Regierung an der Pensiounsreform zeréckruddert"
An och d'Gesetzesprojete "Sonndesaarbecht" a "Flexibiliséierung vun den Aarbechtszäiten am Commerce" musse dem Frontsyndical no zeréckgezu ginn.
D'Zil ass et, datt den 28. Juni esou vill Awunner a Grenzgänger wéi méiglech op d'Strooss ginn, fir ze manifestéieren. "Do rechnen ech awer, datt mir eis Busse fëllen. Et gesäit ganz gutt aus", seet de Generalsekretär vum LCGB Francis Lomel wärend enger vun de leschte Reunioune mat ronn 100 Delegéierten.
Den LCGB rechent domat, datt ronn 10.000 Leit un der Maniff wäerten deelhuelen. D'Leit wieren allgemeng interesséiert, well d'Theme jidderee concernéieren. Ma d'Zesummenaarbecht tëscht den zwou Gewerkschaften OGBL an LCGB hätt ganz kloer eng méi grouss Mobiliséierung erméiglecht.
Bei de Garen, virun de Supermarchéen, an de Betriber, op der Autobunn: Iwwerall do, wou eng grouss Zuel u Leit laanschtgeet oder zesummekënnt, stoungen an de leschte Woche Gewerkschaftler mat hire Flyeren, fir ze informéieren.


















































Ma och an den Depote vun de Gewerkschafte gouf an der Lescht vill gebastelt a geschafft. Dovu konnt sech RTL am Virfeld vun der Manifestatioun e Samschdeg ee Bild maachen. Vu Pancartë bis hin zu Banderollen, Schëlder a Fändelen: Alles gëtt do virbereet an op strategesche Plaze gestallt, fir datt och keen am Lëtzebuerger Land an iwwert d'Grenzen eraus den Datum vun der Maniff verpasst.
Den Depart ass e Samschdeg den 28. Juni um 11 Auer op der Stater Gare. Duerno geet et iwwer d'Avenue de la Liberté bis op de Knuedler.
Méi Informatiounen iwwert d'Maniff an doriwwer, wéi ee beschten an d'Stad kënnt, fënnt een op www.frontsyndical.lu.