Al Miwwelen, Heizungen a Fënstere ginn online fir de gudden Zweck verkaf
Déi al Gemeng zu Déifferdeng gëtt renovéiert. Vill Joerzéngten huet se hiren Déngscht geleescht, elo ass se awer ze kleng ginn an et gëtt bäigebaut.
Fir de gudden Zweck huet d’Gemeng sech eng afale gelooss, wat se mat deem maachen, wat alles eraus kënnt: alles online um Site vun der Gemeng verkafen.
Den Ament ass déi al Gemeng éischter eng Plaz, déi engem eng ongewinnten a komesch Atmosphär ze spiere gëtt, wann een d’Gemeng eng Kéier aktiv erlieft huet an elo d’Reschter ronderëm leie gesäit. Mee et sinn awer keng Reschter, et si Géigestänn, déi anerer nach kënne gebrauchen, esou den éischte Schäffen Tom Ulveling. Dofir kann een elo Dëscher, Heizungen, Fënsteren, Luuchten an aner Miwwelstécker online fir e gudde Präis kafen.
D’Suen, déi erakommen, si fir de gudden Zweck a ginn zu Déifferdeng investéiert. D’Auswiel ass net schlecht an et brauch een nëmmen e Rendez-vous mat der Gemeng ze huelen, fir sech säint dann ausbauen ze goen. Dobäi pake si engem och eng Hand un, esou den Tom Ulveling. Eng flott Aart a Weis, fir dat ze recycléieren, wat anerer ewechgeheien.