Zanter den Ugangs 60er gëtt et den Eifelpark zu Gondorf. A senger aktueller Form gëtt et de Kannerpark zanter 12 Joer.

Vun elo u ginn an der RTL-Summerserie all Mëttwoch Attraktiounen zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun presentéiert.

Wie schonn emol zu Bitburg am Eifelpark war, ass deenen zwee Geselle sécher schonn iwwer de Wee gelaf. Rieds geet vum "FiLu" an dem "Mister Baldo". Hannert dësen Nimm verstoppe sech zwee Clownen, den David Paschke an de Christian Balder. Wärend der Saison triede si e puermol am Dag am Kannerpark op. Am Waldtheater an am Zirkus ass dësen Duo z'erliewen.

"Das Clown sein, spürt man in sich"

De "FiLu" gouf an enger Zirkusfamill gebuer. Zanter elo 20 Joer schafft hien als Clown. 12 Joer sinn et elo, wou den David Paschke am Eifelpark säi Brout verdéngt. "Clown sein ist eine Passion, die einen nach vorne treibt. Es kommt einfach raus. Und plötzlich möchte man das zeigen", sou e ganz begeeschterte "FiLu" am RTL-Interview. An direkt kënnt ewéi aus der Pistoul geschoss: "Menschen zum lachen bringen, liegt mir am Herzen". 

De "FiLu" an de "Mister Baldo" sinn zwee vun am Ganzen 130 Mataarbechter am Eifelpark. Hir eege Show hunn déi Zwee am Waldtheater. Do triede si zweemol den Dag op a bréngen d'Kanner an hir Familljen zum Laachen. "Das grosse Dschungel Abenteuer", heescht de Programm dës Saison. Schonn ee Joer am viraus gi sech Gedanken iwwer eng nei Iddi vum Programm fir d'Joer drop gemaach.

Och de "Mister Baldo" ass e gebuerene Clown. Zesumme mat senge Gesëschter, zwee Bridder, ass hie wärend 20 Joer a verschiddenen Zirkussen opgetrueden. A ganz ville Länner war de Christian Balder als "Clowntrio" ënnerwee. "Da waren wir die Gebrüder Balder. Von Portugal, Spanien über Deutschland, Belgien bis hin nach Norwegen waren wir unterwegs". De "Mister Baldo" zielt mir dat mat ganz vill Begeeschterung. "Mein Opa war schon Clown. Weissclown. Das ist der eleganteste. Ich war sonst auch immer der Weissclown. Also der seriöseste."

Zanter 2016 schafft de Christan Balder mam David Paschke am Park zu Gondorf zesummen. Hei spillt de "Mister Baldo" éischter den "Tollpatsch".

75 Hektar grouss ass den Eifelpark. Eng 60 verschidden Attraktioune ginn et. Spiller fir kleng Kanner awer och Attraktioune fir Jugendlecher an Erwuessener. Dee gréisste Succès kennt d'Wildwasser- an d'Sommerrodelbahn. En Ausbau vum Park ass och geplangt. Den néidegen Terrain gehéiert och schonn de Proprietären. De Wonsch ass et, eng riseg Achterbunn de Visiteuren unzebidden. Zeg Milliounen Euro kascht dëse Spaass. De Volet Finanzement gëllt et, an noer Zukunft an dréchen Dicher ze bréngen.

Vum Waldtheater an d'Zirkuszelt

Nieft hiren zwee Optrëtter am Waldtheater hunn de "FiLu" an de "Mister Baldo" och eng Show am Zirkuszelt. Hei triede si mat aneren Artisten op. "Während im Waldtheater sich alles auf uns beide konzentriert, durch Comedy und Zauberei, bringen der Mister Baldo und ich hier im Zirkus den Spass mit rein. Hier im Zirkuszelt treten noch 7 andere internationale Artisten auf. Luft- und Handstandartisten haben wir hier". Dëst erzielt mir de "FiLu" wärend dem Interview. 

"Es muss alles schneller gehen"

Déi zwee Clowne si sech eens. De Public hätt an de leschte Jore staark geännert. Alles misst méi séier goen. "Die Momente müssen kürzer werden. Es muss zack – zack – zack weitergehen. Das macht Social Media, das macht die Zeit. Es ist unsere Aufgabe, darauf zu reagieren und unsere Shows darauf anzupassen.", sou nach de "FiLu". Reegelméisseg kréien d'Visiteuren am Waldtheater an am Zirkuszelt hiren Optrëtt beim "FiLu" an dem "Mister Baldo" op der Bün respektiv an der Manège. "Mit der Zeit bekommt man ein Gespür, welchen Zuschauer man auf die Bühne ruft. Meistens klappt es auch. Wenn nicht, muss man improvisieren".

"Als Clown sein, soll man sich nicht schämen"

De "Mister Baldo" ass Clown duerch an duerch. "Natürlich gibt es auch mal schwierige Momente im Leben. Todesfall, Krankheit. Das ist wie in jeder Familie. Tritt man als Clown auf, muss man sein Privatleben für eine Zeit ablegen. Schliesslich steht man auf der Bühne oder in der Manege, um die Menschen von ihren Sorgen abzulenken. Da muss man selbst den Schalter umlegen", sou de Christian Balder.

Vun der Ouschtervakanz bis Halloween trieden de "FiLu" an de "Mister Baldo" am Eifelpark op. Wärend der Saison passéieren eng 230.000 Visiteuren zu Gondorf duerch d'Keesen. Vun den auslännesche Gäscht sinn d'Lëtzebuerger déi éischt virun den Hollänner an de franséische Visiteuren.