Bouf vun 12 Joer schwëmmt 9 Kilometer wäit duerch e Floss - op enger Loftmatrass

© AFP Symbolbild
Do haten d'Rettungsekippe a Rheinland-Pfalz sécher net schlecht gestaunt, wéi si de Bouf vun 12 Joer Kilometere méi wäit aus dem Waasser gefëscht hunn.
Hie war nämlech mat senger Loftmatrass ganzer 9 Kilometer um Floss Kyll geschwommen. Domm war just, dass dat eng gréisser Rettungsaktioun ausgeléist hat.
Der Policedirektioun Wittlich no war eng Sichaktioun lancéiert ginn, nodeems keen hie méi am Beräich vum Camping gesinn huet. Wärend véier Stonne gouf no him gesicht, et kann ee sech nëmme virstellen, wéi vill d'Eltere mussen a Panik gewiescht sinn.
Rose ware se wuel net, éischter erliichtert, wéi si gezielt kruten, dass hie vun engem anere Camping aus gesi gouf, 9 Kilometer méi wäit flossofwäerts. Wéi et heescht, hätt hien do "richteg gutt gelaunt" geschéngt.
Déi gutt Laun wäert him spéitstens da vergaange sinn, wéi hien d'Ouere laang gezu krut, well hien esou wäit mat senger Loftmatrass ënnerwee war a vun der Police zeréckbruecht gouf.