"Eng enorm Erausfuerderung an elo schonn e formidabele Succès"
Et entdeckt een eppes, wat engem direkt an d'A stécht oder et muss een zweemol kucken: d'Natur eben, net Schickimicki, keng "Bundesgartenschau".
D’Coordinatrice générale vun der Lëtzebuerger Gaardenausstellung ass begeeschtert: de Projet kéim ganz gutt un, net just bei de Leit vun hei, mee och iwwer d’Grenzen eraus. Virun allem an Däitschland, wou an den audiovisuelle Medien Pub gemaach ginn ass. An dat obschonns d’Luga mat enger klassescher Bundesgartenschau net wierklech eppes ze dinn hätt.
Rendre visible l’invisible
De Slogan « Rendre visible l’invisible » stéing och fir dat méi Wëllt, fir eng Natur, déi sech muss hir Plaz sichen an och mat de Contrainte vum Haut confrontéiert gëtt – sief et am urbane Raum, mam Mënsch, deen ëmmer méi Plaz brauch, mee och nieft landwirtschaftleche Flächen – dat ganzt dann matzen an engem Klimawandel.
An der Hallschent schonn e Succès
Wierklech ziele kéint een d’Visiteuren net: well een net fir alles Tickete bräicht. A wéi hält ee Leit, déi sech eng Installatioun ukucke kommen, vun deenen auserneen, déi duerch d’Péitruss trëppelen, well se an der Géigend wunnen?!, freet sech d’Ann Muller. Zuelen huet si trotzdeem parat: eng zwou Milliounen Klicken op der Facebook-Säit an eleng déi interaktiv Kaart um Site vun der Luga wier 250.000 mol genotzt ginn.
Keng gutt Kommunikatioun ?
Eng Kritik um Bekanntmaache vun den 1.500 Evenementer léisst d’Luga-Chefin net gëllen! Et hätt een d’Decisioun geholl, Online an iwwer Panneauen ze kommunizéieren, also keng dausende Flyer ze drécken, déi dono am Dreckseemer landen. Nohaltegkeet eben! Do grad esou wéi am Opriichte vun de verschiddenen Installatiounen!
«No der LUGA» soll net heeschen «Et gouf ni eng LUGA»!
D’LUGA huet e Budget vun 22 Milliounen a mat deene géing een och eens ginn, erkläert d’Ann Muller. Dass näischt oder quasi näischt vun deem, dat steet, och iwwert den Oktober eraus géif erhale bleiwen, huet fir ferm Kritik gesuergt. D’Coordinatrice générale präziséiert, dass ee sech elo mat der Stad Lëtzebuerg um Terrain ukucke geet, wéi eng Installatiounen ee kéint iwwer dat fixéiert halleft Joer eraus erhalen. Eng genee Zuel kéint si wierklech haut nach net nennen, dat héing nämlech och vum Entretien vun de Sitten of!
Hëllef vun der Stad, Ettelbréck, Ministèren a soss Partner
D’LUGA soll net verschwannen, mee dëst Experiment soll Messagen an Erfarunge fir d’Zukunft ginn. Et wier e Mammut-Projet deen een ouni déi verschidden Acteueren net hätt kënne realiséieren – a virun allem hir dach awer kleng Equipe géif ganz grouss Aarbecht leeschten – si wiere mat Häerz a Séil dobäi!