D'Absence vu sexueller Attraktioun
Mir hu mat véier Persoune geschwat, déi am Spektrum vun der Asexualitéit sinn. Si fillen also keng respektiv wéineg sexuell Attraktioun.
An der "LGBTQIA+"-Community sinn all déi Identitéite gruppéiert, déi net heterosexuell an net cisgender sinn. Den "A" am Akronym steet fir Asexualitéit an Aromantik, ma wat heescht et iwwerhaapt, asexuell an aromantesch ze sinn?
D’Tania, d’Amandine, den Orion, an d’Beáta sinn um Spektrum vun der Asexualitéit: dat heescht, si fille wéineg, respektiv guer keng sexuell Attraktioun. Si hu sech am Centre Cigale an der Stad kennegeléiert, do gi queer Leit encadréiert an hiren Orientéierungen an Identitéiten no gruppéiert.
Am Centre Cigale hunn och asexuell Leit hir Plaz an hunn ënnerteneen eng Communautéit fonnt. Well och bannent der LGBT-Communautéit treffe si dacks net op Versteesdemech. Wa si zielen, dass si asexuell sinn, änelen d’Reaktiounen oft deene vun hetero Persounen, wann eng schwul oder lesbesch Persoun hire Coming Out huet.
"C’est encore un problème dans la communauté de ne pas comprendre les personnes asexuelles. Et c’est vrai que ça ma marquée en tant que lesbienne d’entendre la même chose que j’ai entendu quand j’étais adolescente et que j’étais sortie du placard en tant que personne gay de la part des personnes queer pour l’asexualité," erkläert d’Amandine.
Oft héiere si, si hätten nach net déi richteg Persoun fonnt, et wier just eng Phas, si wieren net prett: Dat stëmmt awer net.
Wat heescht "Asexualitéit"?
Asexualitéit ass Deel vun der LGBT-Community. Et ass d’Absence vu sexueller Attraktioun, déi existéiert awer op engem Spektrum. Asexualitéit ass also en Iwwerbegrëff a variéiert vu Persoun zu Persoun. Dat heescht: verschidde Leit spieren ni sexuell Attraktioun, wat eng absolutt Asexualitéit ass. Anerer kënne sech vun engem sexuell ugezu spieren, wa si schonn eng staark emotionell Bindung zu dëser Persoun hunn. An deem Fall schwätzt ee vun Demisexualitéit. Dat sinn awer nëmmen zwee Beispiller vu ganz ville Variatiounen. Ma egal, wou se um Spektrum vun der Asexualitéit dru sinn: Asexualitéit ass, wéi bei all LGBT-Identitéit, kee Choix.
Probleemer an der Gesellschaft
Nieft engem Manktem u Versteesdemech begéinen asexuell Leit dacks nonverbaler Diskriminatioun, notamment an der Aart a Weis, wéi d’Gesellschaft funktionéiert, zielt d’Tania: "Dans la vie de tous les jours il y a beaucoup de choses ou je suis bloquée, en fait a cause de ça. Je n’ai pas rencontré de la discrimination directe, mais par exemple quand j’ai cherché un appartement toute seule c’était difficile, je voulais toujours fonder une famille et avoir des enfants, mais dans mon cas c’est un peu plus compliqué."
Zesummenhang mat Neurodiversitéit
Asexualitéit an Neurodiversitéit kommen dacks Hand an Hand. Virop ass et awer wichteg ze wëssen, dass vill neurodivers Leit asexuell sinn, asexuell Leit awer net onbedéngt alleguer neurodivers sinn. Am Centre Cigale si vill Leit mat Autismus am Grupp vun der Asexualitéit, erkläert d’Maud Théobald, Sous-Directrice am Centre: "Les personnes autistes ont par déifinition des difficultés à se situer dans une norme sociale. Donc il y a un certain nombre de personnes autistes qui vont se reconnaiître dans l’ensemble des personnes asexuelles et aromantiques."
Aromantik
Aromantik ass d’Absence vu romantescher Attraktioun an existéiert ewéi Asexualitéit op engem Spektrum. Eng Persoun, déi aromantesch ass, kann och asexuell sinn, dat muss awer net de Fall sinn. Eng Persoun, déi asexuell ass, muss och net aromantesch sinn: dat variéiert also vu Persoun zu Persoun.
Well et esou vill Variante vun Asexualitéit ginn, huet jiddereen eng aner Erfarung mat dëser Identitéit. Wat fir deen een de Fall ass, muss net onbedéngt de Fall fir eng aner Persoun sinn. Wat sécher ass: bei Leit sinn, déi déi selwecht Identitéit hunn, hëlleft, dass een net eleng ass an dass ee gesi gëtt.