Wien de Weekend iwwer zu Paräis war, wäert vläicht gemierkt hunn, dass sech bei enger vun den Touristenattraktiounen eppes gedoen huet.

Déi rout Wandmille vum bekanntste Paräisser Cabaret dréint nees!
 
D’lescht Joer am Abrëll ass d’Millerad erofgefall. Een techneschen Defekt soll Schold gewiescht sinn. Pénktlech fir d’Olympesch Spiller an der franséischer Haaptstad war d’Mille gefléckt – mee se huet nach ëmmer net gedréint, bis elo. An dat ass natierlech gefeiert ginn.

Fir dës besonnesch Geleeënheet ass d’Show no bausse verluecht ginn. Mat engem Danz-Spektakel a mat engem Countdown ass de leschten Donneschden de grousse Moment gefeiert ginn. Dat huet net nëmmen d’Spectateure gefreet, mee och déi australesch Dänzerin Jasmine Bard, déi zanter 8 Joer am Moulin Rouge danzt:

"Ech kéint net méi glécklech sinn! Et ass esou spannend, virun der Wandmillen optrieden ze kënnen, fir se nees dréien ze loossen. Et ass wierklech speziell fir eis, well se ikonesch ass fir de Moulin Rouge. D’Millen nees dréien ze gesinn, bréngt d’Magie zréck an den Theater an op Paräis."

D’lescht Joer huet de weltbekannte Variété-Theater säin 135. Gebuertsdag gefeiert. En ass ee vun de groussen Touriste-Magnéiter vu Paräis. Honnertdausende Mënschen besichen all Joers de Moulin Rouge. Ma och fir d’Awunner huet de Cabaret eng grouss Bedeitung, wéi ee bei der Zelia van den Bulke an der Laure Morandina feststelle kann. "Mir si frou! Mir wunnen hei am Quartier - Montmartre huet seng Flilleken zréck, déi nees dréien!", esou d’Laure Morandina. An och d’Zelia van den Bulke wollt sech dëse Moment net entgoe loossen: "Et ass magesch!".

Déi nei Konstruktioun wier méi liicht wéi virdrun, a gouf zousätzlech verstäerkt, fir dass esou eppes wéi d’lescht Joer net nach eemol geschéie kéint.