Si si rëm do
D'Glieser vum Maacher Drauwen- a Wäifest koume "leider ongespullt" zeréck

© Comité des fêtes Gréiwemaacher
Wéi vum Comité des Fêtes vu Gréiwemaacher gefrot, sinn d'Glieser vun der Maacher Wäikinnigin nees opgetaucht.
Leschten Donneschdeg waren d'Glieser vun der Wäikinnigin an hire Prinzessinnen am Kader vun engem Fotoshooting fir d'Maacher Drauwen- a Wäifest geklaut ginn. Well et eng Foto vun der Aktioun gouf, haten d'Organisateuren d'Persoun, déi d'Glieser jo wuel just matgeholl hat fir se ze spullen, via sozial Medien opgeruff, se einfach virun der Gemeng nees ofzeginn.
En Dënschdeg dunn ass genau dëst geschitt an d'Glieser hunn de Wee nees zeréck op Gréiwemaacher fonnt. Wéi et vum Comité des Fêtes heescht "awer leider ongespullt".
©
Comité des fêtes Gréiwemaacher
©
Comité des fêtes Gréiwemaacher
©
Comité des fêtes Gréiwemaacher
Les photos diffusées sur ce site sont soumises à des droits d’auteurs et ne peuvent être copiées, modifiées, vendues, sans l’autorisation préalable du propriétaire du site en question.
Am meeschte gelies