E Mëttwoch war e besonnesch wichtege Moment fir den nächste Lëtzebuerger Grand-Duc. No 24 Joer war et seng lescht Wirtschaftsmissioun als Ierfgroussherzog.

Den drëtten a leschten Dag fir d’Lëtzebuerger Delegatioun ronderëm den Ierfgroussherzog Guillaume war gläichzäiteg den éischten Dag zu Osaka fir d’Ministesch fir Digitaliséierung, Fuerschung an Héichschoul Stéphanie Obertin.

Éischte Punkt um Programm fir d’Delegatiounen e Mëttwoch war den Hydrogen-Laboratoire vun der Iwatani Corporation zu Amagasaki. Beim japanesche Pëtrol- an Hydrogen-Leader konnten den Ierfgroussherzog an d’Ministesch sech e Bild vun der Recherche an de Laboe fir Waasserstoff-Tankstelle maachen.

150 Hydrogen-Statioune vun Iwatani ginn et schonn uechter Japan. Zu Lëtzebuerg gëtt et bis ewell just eng um Site vun CFL Multimodal zu Beetebuerg. Ma de Grand-Duché suivéiert awer eng Strategie, fir Hydrogen unzeschléissen, wéi de Mario Grotz, CEO vu Luxinnovation, erkläert. Lëtzebuerg soll een Transitland ginn – am beschten iwwer d’Belsch oder Frankräich. Duerch déi belsch Decisioun am Februar dëst Joer, déi finanziell Mëttel fir den Ausbau vu Waasserstoff-Pipelinen ze stoppen, misst Lëtzebuerg awer elo selwer investéieren, “fir hiert eegent Netz opzebauen”, esou de Luxinnovation-CEO.

Aktuell huet Lëtzebuerg nach keng Kooperatioun mat Japan am Beräich vum Waasserstoff. D’Visitt e Mëttwoch de Moie bei der Iwatani Corporation wier deemno éischter gewiescht, “fir ze verstoen, wou d’Technologie haut steet, wéi se sech entwéckelt, an natierlech ass et och wichteg, datt mir déi richteg Partner fir eis Entreprisë fannen”. D’Iwatani Corporation huet aktuell scho Kooperatioune mat Frankräich, Norwegen an der Europäescher Unioun. Ma och de Grand-Duché kéint sech eng Zesummenaarbecht virstellen.

“Mir mussen natierlech elo weisen, wat mir kënne liwweren. Mir hunn op enger Säit Fuerschungsaktivitéiten op der Universitéit, déi ganz interessant sinn. An op der anerer Säit hu mer och en éischte Pilotprojet am Beräich vum Hydrogen. An ech mengen, et geet eben dorëm, ze weisen, wat mer do hunn, wat mer kënnen, wat mir fir Kompetenzen hunn an dann effektiv ze hoffen, datt si dat interesséiert, fir och mat eis Zesummenzeschaffen”, esou nach de Mario Grotz. Den Ierfgroussherzog huet an deem Sënn déi japanesch Firma op Lëtzebuerg invitéiert, fir hinnen och eis Efforten an der grénger Energie méi nozebréngen.

Vun Amagasaki goung et weider op eng Receptioun zu Osaka, wou de Lëtzebuerger Ambassadeur vun Tokio déi Lëtzebuerger an déi japanesch Delegatiounen agelueden huet, fir nach emol déi laangjäreg Kooperatioun tëscht den zwee Länner z’ënnersträichen. 2027 feiere Japan an de Grand-Duché 100 Joer diplomatesch Relatiounen. Gläichzäiteg ass et awer och fir den Ierfgroussherzog Guillaume no 24 Joer seng lescht ekonomesch Missioun als Krounprënz, éier hien am Oktober säi Papp als Grand-Duc ofléist.

“Fir mech besonnesch ass dat e wichtege Moment. Et ass meng lescht Missioun als Ierfgroussherzog virun Oktober. Dat heescht, dat war och ganz emotionell. An ech muss soen, datt et grad a Japan war, wat och eppes Spezielles fir mech, well et ass eng Plaz, wou ech vill gereest sinn an eng Plaz, wou ech och ganz gäre war.”

An all senge Joren als Ierfgroussherzog huet de Prënz Guillaume eng 70 Wirtschaftsmissioune matgemaach. An et géing him um Häerz leien, fir och an Zukunft op eng bestëmmt Manéier nach kënne bei esou Reesen dobäi ze sinn. Et wier wichteg fir d’Ekonomie, sech weider z’engagéieren, sou den nächste Lëtzebuerger Grand-Duc. Hien huet an deem Kontext och begréisst, datt den Engagement a Fortschrëtt vu Lëtzebuerg am Kontext Weltall e Mëttwoch am Lëtzebuerger Pavillon en Thema war.

Fir aneren de Weltraum méi nozebréngen, gouf d’Geleeënheet iwwerdeem och genotzt, fir dem Public den éischte Luxonaut um Mars virzestellen – eng Bande dessinée vum Lucien Czuga an dem Daniel Altmann, déi et a fënnef Sprooche gëtt, dorënner och japanesch. D’Buch "Lëtzebuerg sicht de Luxonaut" bleift natierlech net just zu Osaka, mä gëtt och dëse Weekend um BD-Festival zu Conter signéiert a verkaf.