D'Stad Barcelona huet annoncéiert, datt een de Tourismus vu Croisière reduzéiere wéilt. Aner Stied am Mëttelmier sinn dee Schratt och scho gaangen.

Vun 2030 u sollen nach just fënnef vun den aktuell siwen Terminalen, op deene Croisièren ukomme kënnen, operationell sinn. Dat hunn d'Stad Barcelona an d'Hafenautoritéite matgedeelt. "Eng éischte Kéier an der Geschicht vun der Stad gëtt de Wuesstem bei Croisièresschëffer limitéiert", esou de Buergermeeschter vun der zweetgréisster spuenescher Stad Jaume Collboni.

Mat der geplangter Limitatioun op just nach fënnef Terminale kéinten an Zukunft nach just 31.000 Touriste vu Croisièren zu der gläicher Zäit zu Barcelona uleeën. Aktuell sinn et der nach 37.000. D'Stad wëll dräi vun den Terminalen, déi aktuell existéieren, ëmbauen, esou datt een neien Terminal entsteet. Fir dësen Ëmbau plangt een 185 Milliounen Euro an.

Spuenien war 2024 déi zweetbeléiftsten Touristendestinatioun op der Welt. Et koumen eng 94 Millioune Touristinnen an Touristen an d'Land. Den Tourismus mécht 13 Prozent vum PIB vum Land aus. Schätzunge vun den Autoritéiten no kommen am Dag 170.000 Touristen op Barcelona, an den Hafenautoritéiten no komme ronn 3,65 Millioune Leit am Joer via Croisièren an d'Stad. Fir vill Awunner sinn dat awer ze vill Leit. Si maachen den Tourismus fir d'Wunnengsnout an de Kaméidi verantwortlech.

Wéinst dem sougenannten "Iwwertourismus" sti Croisièren ëmmer nees an der Kritik. Si brénge mat risege Schëffer Dausende vu Passagéier op eng Kéier an d'Stied. Vun der Branche heescht et, datt d'Touriste vun de Croisièren net fir déi héich Loyere responsabel wieren, well si jo op de Schëffer schlofen. Croisièrë sinn awer och wéinst de groussen Auswierkungen op d'Ëmwelt an der Kritik.

Och aner Stied an Europa limitéieren de Croisièrestourismus. Cannes wëll d'Zuel vun de Schëffer, déi an Zukunft am Hafen dierfen uleeën, vum nächste Joer u reduzéieren, an Nice huet scho Limitatiounen agefouert. Déi italieenesch Regierung huet scho viru Joren decidéiert, datt déi grouss Schëffer net méi zu Venedeg dierfen uleeën. D'Welle vun de risege Croisièresschëffer haten d'Fundament vun der Stad, déi zum Weltkulturierwe gehéiert, beschiedegt.