Nodeems den US-President sech op de soziale Medien driwwer gefreet hat, dass déi bekannte "Late Show" ofgesat gëtt, huet de Moderator elo reagéiert.

D'lescht Woch hat déi amerikanesch Tëleeschaîne CBS annoncéiert, dass déi bekannte "Late Show", déi 1993 mam David Letterman op Sendung gaange war, am Mee 2026 wäert ofgesat ginn. Wéinst der haarder Konkurrenz am Business wier et eng reng finanziell Decisioun, esou de Sender. Dat huet den aktuelle Moderator Stephen Colbert awer a Fro gestallt, mat Bléck op seng gutt Aschaltquoten.

Erfreet iwwer d'Enn vun der Show hat sech den Donald Trump gewisen. Op de soziale Medien hat den US-President verlaude gelooss, hie géif et "total freeën, dass de Colbert gelantert géif ginn". Säin Talent wier nach méi kleng wéi d'Aschaltquote gewiescht. De Moderator huet e Méindeg Owend am Ufank vun der Emissioun kuerz a knapp op déi Ausso reagéiert, a sot: "Go f*** yourself".

Kuckt hei de Video: