De Felix Baumgartner ass eréischt beim Opprall gestuerwen, esou de Procureur

© AFP
Déi italieenesch Autoritéiten ermëttelen nach ëmmer an der Affär ëm den Doud vum bekannten Extreemsportler aus Éisträich.
Wat genee an der Loft geschitt ass, konnt nach ëmmer net opgekläert ginn. Gewosst ass bis elo, dass de Baumgartner beim Opprall gestuerwe soll sinn. De Procureur d'Etat Raffaele Iannella sot: "Wat mir bis elo wëssen: Hien ass beim Opkomme gestuerwen. Seng Wirbelsail ass am ënneschten Deel vum Réck gebrach an d'Muerch gouf dobäi beschiedegt." D'Obduktioun geet um Mëttwoch weider.
Der Dageszeitung "Corriere della Sera" no wier den Extreemsportler schonn zum Zäitpunkt vum Opprall dout gewiescht, well en am Vol en Häerzstëllstand erlidden hätt. Och wann en net doru gestuerwen ass, bleift d'Fro: hat de Baumgartner eng Häerzattack a konnt säi Paragliding-Schierm dowéinst net méi kontrolléieren? D'Auswäertung vu senger Bodycam soll fir Kloerheet suergen. Aner Medie stellen d'Fro vun engem technesche Problem an de Raum. Eng vu senge klenge Kamerae soll an de Probeller gerode sinn an dëse blockéiert hunn. Doropshin wier d'Seegel kollabéiert. De Versuch, sech mam Noutschierm ze retten, wier net méi erfollegräich gewiescht, well d'Héicht dofir schonn ze geréng war.
Nieft der Obduktioun vum Felix Baumgartner senger Läich soll d'Ënnersichung vum Schierm Kloerheet bréngen. Bis all d'Ermëttlungen ofgeschloss sinn, kéint et nach bis zu 50 Deeg daueren.