Konscht an Natur sollen ëmmer méi an d’Stad bruecht ginn
D’LUGA zitt zanter Méint vill Leit un. Elo sinn och de Luc Frieden an d'Martine Hansen verschidden urban Gäert an e speziellen Tunnel kucke gaangen.
Donkel a mysteriéis, den Aquatunnell tëschent dem Pafendall an der Péitruss ass eppes wat een normalerweis net esou gesäit. Speziell fir d’LUGA gouf en opgemaach an e soll de Visiteuren e Bléck ënnert d’Stad erméiglechen. Fréier gouf e fir d'Ofwaasser genotzt, haut fir eng Konschtinstallatioun. "The Lower World" heescht dat Ganzt. Akustesch gëtt de Wee duerch den Tunnel begleet duerch eng Zort Sirene-Gesang, dee sech un der Melusina inspiréiert.
Den zweete Projet zesumme mam Mudam ass d"Living Pyramid", eng Pyramid aus iwwer 200 verschiddenen heemesche Planzen. Konscht géif esou direkt un d’Leit bruecht ginn, erkläert d’Bettina Steinbrügge, Directrice vum Mudam:
"Es ist für uns eine Arbeit, die im Außenraum ist. Das heißt, sie ist offener, sie hat mehr Publikum, weil natürlich die Leute weniger Angst haben. Und viele haben heute manchmal Abwehr gegenüber genössischer Kunst. Es ist etwas, wo die Besucher einfach im öffentlichen Raum damit konfrontiert werden, ohne dass sie irgendetwas machen müssen."
Konscht an Natur sollen ëmmer méi an d’Stad bruecht ginn, dat ass bei der Visitt erauskomm. De Premier, Luc Frieden:
"Eng Stad muss jo liewen, e Land muss liewen, dat ass jo net nëmmen an der Stad, dat ass och zu Ettelbréck, a wann een do d'Natur méi an d'Stad eranhëlt, Gréngstied, dat ass net nëmmen organiséiert Parken, mee dat kënnen och esou méi spilleresch Saache sinn, wéi dat heiten. Ech menge schonn, datt wann ee kuckt, wat alles gemaach ginn ass fir dës LUGA, dat ass eng enorm Organisatioun, déi mat Lëtzebuerger Entreprisë gemaach ginn ass, mat villen Intervenanten, wann een dat och kann e bëssen iwwert den Oktober eraus liewe loossen a sech dorun inspiréieren, ech mengen dat ass wierklech der Wäert, fir dat mat der Stad Lëtzebuerg an den zoustännege Ministèrë sech unzekucken."
Och fir d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen ass et wichteg weider sou Projeten ze ënnerstëtzen:
"D’Landwirtschaft dem grousse Publikum weisen. Dat ass eppes, wat fir eis extreem wichteg ass. Hei an der Stad mat der LUGA maache mer éischter Gaart a Konscht. Zu Ettelbréck hu mer méi d'Landwirtschaft. D'Landwirtschaft dem Konsument méi no bréngen. Dat ass eppes, wat fir eis extreem wichteg ass. Dofir ënnerstëtze mer jo och zum Beispill eng Foire Agricole. Mir kucken, datt d'Schoulklassen e puer Bauerenhäff ginn. Also do wäerte mer schonn ausserhalb vun der LUGA nach weiderfueren."
Iwwert déi lescht Méint hätt een och schonn en Impakt vun der LUGA op den Tourismus bemierkt, esou de Generaldirekter vu sightseeing.lu, Luc Reis:
"Also mir hu sécherlech spezifeschen Zoulaf vun Touristen, déi effektiv wéinst der LUGA kommen. Mir hunn och schonn erausfonnt, datt d'Leit fir d'Zweet hei waren, well mer dat a Buchunge gesinn hunn, well d'Leit sech nach eng Kéier gemellt hunn. A wa mer da konkreet d'Leit och gefrot hunn, oder de Guide d'Leit gefrot huet, firwat sidd der hei? Ma mir wëlle kucke wéi et sech entwéckelt mat der LUGA, well se virun dräi Méint hei waren, wou nach keng Blummen do waren an natierlech se lo an der voller Pracht ass. An dat mengen ech ass de klenge Plus-value, dee mer kënnen hunn."
D’LUGA géif virun allem méi Dagestourismus an d’Land bréngen a lokal Produzenten ënnerstëtzen andeems hir Produite präsentéiert ginn.