"derwäert" ass déi nei Emissioun op RTL Télé-Lëtzebuerg

© RTL
Ass et derwäert, lount et sech, en Objet ze verkafen oder ass den emotionale Wäert méi grouss wéi de finanziellen?
Dorëms geet et an der neier Emissioun vun RTL.
Ganz vill Leit kennen dat: "en Tableau, eng Vase oder e Bijou, deen ee schonn dacks an der Hand hat an iwwert deen ee sech gefrot huet, ob een e soll verkafen. Awer och d’Geschicht hannert dem Objet wier interessant ze zielen: Wou kënnt en hier, wat huet en erlieft a wou stoung en?
An der neier Emissioun vun RTL werfen eis Experten e méi geneeë Bléck op Är besonnesch Objeten.
Den Armand A. Wagner: Hien huet méi wéi 45 Joer Erfarung an ass ee vun de renomméiertsten Antiquairen hei am Land. Zanter ronn 30 Joer mécht hien objektiv an neutral Expertisen um Geriicht. Seng Spezialisatioun: Lëtzebuergesch Konschtwierker an Antiquitéiten.
D’Caroline Cuny Desprez schafft als vereedegt Expertin, bei engem Lëtzebuerger Auktiounshaus, wou reegelméisseg Konscht, Bijouen oder antik Bicher versteet ginn. Si ass ënnert anerem spezialiséiert op Tableauen a Skulpturen aus dem 19. Joerhonnert.
De Mike Decker ass zanter 1985 am Antiquitéite-Beräich ënnerwee. Hien hat méi wéi 20 Joer ee Geschäft an der Stad. Mëttlerweil ass och seng Duechter mat an de Business erageklommen, dee si elo online weiderféieren.
Am Uespelter Schlass ass iwwer zwee Weekender gedréit ginn an d’Leit si mat etlechen Objete komm, iwwert déi et sech ze schwätze lount. Dat ware kleng awer och gréisser Schätz, déi doheem am Keller, um Späicher, an der Stuff oder am Gang stoungen.
Vun Tableauen iwwer Vëloen, Glieser a Musekskëschte si vill verschidde Saache vun den Experte geschat ginn, fir ee Präis drop ze setzen, an esou munch Iwwerraschung war och derbäi.
Een Duo freet no de Geschichten hannert den Objeten, déi geschat ginn. D’Sophie Becker, dat ee vun eiser Kultur-Emissioun Passepartout kennt an de Mike Fandel, dee soss am Stade de Luxembourg de Fussballspiller op den Zant fillt, wiessele sech of, fir de Kandidaten an den Experte Froen ze stellen.
Vum 29.Juli un heescht et da vun dënschdes bis freides all Dag um 19.20 Auer "derwäert".