En Donneschdeg gouf déi bronzefaarweg Konstruktioun fir aus dem Duerfkär erop op de Bierg mat de Sportinfrastrukturen offiziell ageweit.

Den Tuerm ass eng 35 Meter héich, uewe verbënnt eng 40 Meter laang Bréck de Lift mat engem Wee. Déi Passerell war am September 2024 eropgehuewe ginn.

De Lift kann 20 bis 24 Leit mateneen transportéieren oder dräi Cyclisten an eng siwe Foussgänger.

De Lift ass op vu moies 6 bis owes 23.30 Auer. D'Trape sinn ëmmer accessibel.

De ganze Bau huet um Enn eng 7,5 Milliounen Euro kascht. Duerch eng Rëtsch Ëmstänn, dorënner och d'Penurie wéinst dem Ukrain-Krich, ass de Lift weesentlech méi deier ginn, wéi am Ufank geduecht a gouf och méi spéit opgemaach wéi virgesinn.

RTL

© Gemeng Hesper

Op hesperange.lu fënnt een ënnert anerem Fotoe vun der Inauguratioun, do sinn och déi eenzel Bauphas vum Ascenseur Holleschbierg dokumentéiert.

RTL

© Gemeng Hesper