Polizist vu Buenos Aires hat Prisonéier op senger Hochzäit schaffe gelooss

© Photo by Alex Dos Santos (pexels)
An Argentinien hat ee Polizist eng Rei Prisonéier fir een Owend aus hiren Zelle gelooss. Elo gouf hie wéinst Amtsmëssbrauch verurteelt.
An der argentinescher Haaptstad Buenos Aires hat zejoert ee Polizist véier presuméiert Stroftäter fir een Owend aus hiren Zelle vun der Policestatioun fräigelooss, fir datt si op senger eegener Hochzäit als Käch, Serveuren an als Botzkraaft aushëllefe kéinten. Hinne gouf erlaabt, sech deen Owend fräi tëscht der Policestatioun vu Lonquimay am Weste vun der Stad an der Plaz vun der Hochzäit ze beweegen, déi just e puer Haiser vunenee fort war.
Wéi d'Zeitung "El Diario de La Pampa" schreift, sollen d'Prisonéier no de Feierlechkeeten nees fräiwëlleg an hir Zellen zréckgaange sinn. Dem Procureur Guillermo Sancho no hat de Polizist "Gléck, datt kee vun hinne geflücht ass". Ganz ouni Konsequenzen ass déi ganz Aktioun awer net bliwwen. E Méindeg gouf hien elo nämlech wéinst Amtsmëssbrauch vum Geriicht zu 15 Méint op Sursis verurteelt.