E Regierungsspriecher huet d'Ernennung duerch de President Gustavo Petro e Freideg der AFP géigeniwwer confirméiert.

De Juan Carlos Florián iwwerhëlt de Chefposten vum Ministère vun der Gläichstellung a Kolumbien, deen ënnert anerem den Zougang vu sozial benodeelegte Gruppen zu staatleche Programmer erméiglechen oder vereinfache soll.

De studéierte Politikwëssenschaftler huet virdru schonn als stellvertriedende Minister geschafft. Hie geet ganz oppe mat senger Vergaangenheet als Porno-Duersteller a Sex-Aarbechter ëm, verweist awer och ëmmer nees op seng Beruffserfarung am ëffentlechen Déngscht an op seng laang Zäit als Mataarbechter vun internationalen Entwécklungsorganisatiounen.

Ma virun allem awer an engem staark kathoulesche Land wéi Kolumbien, dierf d'Nominéierung vum Juan Carlos Florián fir deels hefteg Diskussioune suergen. D'Nominéierung vum Florián ass nëmmen eng vun enger Abberzuel un Neibesetzungen. Zënter deem de lénks-geriichte President Petros zënter August 2022 am Amt als, ware schonn iwwer 50 Ministeren Deel vu senger Regierung.