Am Duerchschnëtt sëtzen d'Leit 10 Stonnen am Dag

Laang Sëtzen a wéineg Beweegung bei der däitscher Bevëlkerung, dat geet aus aktuellen Zuele vun der DKV ervir.
De Groussdeel vun der däitscher Bevëlkerung kënnt wéineg a Beweegung a sëtzt ze vill. Déi däitsch Krankeversécherung (DKV) verdäitlecht dëst nach eemol an engem Rapport: Am Duerchschnëtt sëtzen d'Mënschen an Däitschland op engem Aarbechtsdag méi ewéi 10 Stonnen. Dat gëtt vun hinnen als "alarméierende Rekord" betitelt. Nëmmen zwee Prozent vun der Bevëlkerung féieren e gesonde Liewensstil.
Dës Statistiken huet d'DKV zesumme mat der däitscher Sporthéichschoul Köln an der Universitéit Würzburg an enger Ëmfro gesammelt. Méi genau hu si erausfonnt, dass sech den Duerchschnëtt vun der Sëtzdauer bannent 2 Joer ëm 15 Minutten erhéicht huet.
Aus hirem Rapport geet ervir, dass manner wéi Hallschent vun de Leit, déi laang Zäit, déi si sëtzen, duerch kierperlech Aktivitéit ausgläiche kënnen. D'Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) recommandéiert beispillsweis zweemol d'Woch e Muskeltraining. Och dëst gëtt nëmme vu 34 Prozent vun de Befrote consideréiert. A Bezuch op d'Ernärung ass och déi nëmme bei engem Drëttel als gesond anzestufen.
Allgemeng, mat Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter an der Educatioun, kann ee behaapten, dass et der däitscher Bevëlkerung schwéier fält gesond ze liewen.