Zu Madrid huet e Méindeg e Fliger kuerz nom Start nees misse landen. Beim Steigfluch war e Geier an de "Radom" geflunn an huet grousse Schued hannerlooss.

Wéi ënnert anerem de Spiegel an d'Bild mellen, wier de Fliger mat der Vol-Nummer IB579 um 16.05 Auer a Richtung Paräis-Orly gestart. E puer Minutten nom Ofhiewe wier d'Maschinn du mat engem Geier kollidéiert. Deemno wier de grousse Villchen an de sougenannte Radom geknuppt, hannert deem de Wiederrader ass. Dono wier de Geier vun der lénkser Turbinn agesaugt ginn.

D'Piloten hunn doropshin decidéiert, de Vol ofzebriechen. No 25 Minutten ass d'Maschinn mat 182 Passagéier u Bord sécher nees zu Madrid um Fluchhafe Bajaras gelant. D'Passagéier konnten den Airbus iwwer mobil Trape verloossen.

Wéi d'Bild-Zeitung nach mellt, wier Iberia deen éischte Keefer fir den neie Laangstreckenjet Airbus A321 XLR, deen eréischt den 2. Juli dëst Joer ausgeliwwert gouf. De Fliger ass fir Transatlantikflich konzipéiert. Aktuell ginn d'Crews virop op Strecke bannent Europa mam neie Model ageschafft.