Stella Rimington, éischt Fra un der Spëtzt vum MI5, gestuerwen

Déi fréier Cheffin vum britteschen Inlandsgeheimdéngscht MI5, Stella Rimington, ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen.
Si war déi éischt Fra, déi den MI5 geleet huet – vun 1992 bis 1996 – an déi éischt Persoun, där hiren Numm ëffentlech bekannt gemaach gouf.
Gebuer 1935 zu South Norwood, südlech vu London, huet si 1969 offiziell beim MI5 ugefaangen, nodeems si schonn 1965 als Sekretärin fir de Geheimdéngscht an der brittescher Ambassade zu Nei Dehli geschafft hat. D'Rimington war aktiv an der Spionage- an Terrorismusbekämpfung a gouf spéider Cheffin vum Déngscht.
Si gëllt als Inspiratioun fir d’Figur "M" an den James-Bond-Filmer, gespillt vum Judi Dench.
No der Rimington gouf nach eng Fra Cheffin vum MI5: D'Eliza Manningham-Buller (2002–2007).
Den aktuellen MI5-Chef Ken McCallum huet d'Stella Rimington als Pionéierin bezeechent, déi Barrièren duerchgebrach, an den MI5 an eng nei Ära vun Transparenz gefouert huet.