McDonald's Japan steet an der Kritik, nodeems eng Aktioun mat limitéierte Pokémon-Kaarten zu Liewensmëttelverschwendung soll gefouert hunn.

McDonald's Japan huet sech ëffentlech entschëllegt, nodeems eng Campagne mat limitéierte Pokémon-Kaarten, déi duerch hir beléiften "Happy Meals" verschenkt goufen, zu laange Schlaange gefouert huet. Dobäi kënnt, dass Leit op de soziale Medie sech opgereegt hunn, dass d'Campagne zu Liewensmëttelbëtz gefouert hätt.

D'Aktioun, déi e Freideg lancéiert gouf, soll séier aus dem Rudder gelaf sinn, well verschidde Leit en masse Moolzechte kaf hunn, fir déi wäertvoll Kaarten duerno méi deier online kënne weiderzeverkafen. Net-verifizéiert Biller weisen, dass d'Dreckskëschten am Ëmkrees vun de McDonald's Filialen sech séier mat ganze Menüe gefëllt sollen hunn.

Kritiker hunn d'Aktioun kuerz drop als "Unhappy Meals" bezeechent.

Wéi McDonald's déi nei Campagne annoncéiert huet, hate si betount, datt all Persoun maximal fënnef Moolzechte kafe kéint. An engem Communiqué e Méindeg huet McDonald's awer zouginn, datt et Fäll vu Mëssbrauch gouf, déi dozou gefouert hunn, datt "Iessen ewechgehäit oder entsuergt gouf".

Eng "méi streng Limitt" fir d'Happy Meals soll elo agefouert ginn.

Den US-amerikanesche Fast-Food-Gigant huet och versprach, E-Commercen ze froen, méi effektiv Mesurë géint d'Weiderverkafe vun de Kaarten ze huelen.