Éischt-Hëllef-Coursen am FondamentalLiewenswichteg Gesten, wann et drop ukënnt

Véronique Soisson
All Dag ruffe Kanner op den 112 un, fir no Hëllef ze froen. Eng Etüd weist och, dass wann europawäit all 12 Joer alen Teenager Éischt Hëllef léiert, een iwwer 100.000 Liewe pro Joer ka retten.
Éischt Hëllef Coursen am Fondamental
Eng Etüd weist, dass wann europawäit all 12 Joer alen Teenager Éischt Hëllef léiert, een iwwer 100.000 Liewe pro Joer ka retten.

Dofir ginn och ëmmer méi dacks Éischt-Hëllef-Coursen am Fondamental ugebueden. Well déi Geste kënne liewenswichteg sinn, wann et drop ukënnt. De Jeff Herr, Formateur vu herrjeff.lu:

"De Rettungsdéngscht ass jo, wann eppes geschitt, logescherweis net innerhalb vun enger, zwou Minutten do. An dat sinn awer immens wäertvoll Minutten, déi verginn, wou mer wierklech kënnen dem Patient hëllefen an eppes fir seng Gesondheet a seng Sécherheet maachen. An dofir ass den Ersthelfer allgemeng onheemlech wichteg, einfach fir déi Zäit ze iwwerbrécke vum Accident oder vum Malaise bis dass d’Ambulanz do ass."

An der Schoul zu Stengefort goufen dëst Joer fir d’éischt sou Coursen ugebueden. De Sammy Wagener, Buergermeeschter vu Stengefort:

"Et ass esou, dass d’Kanner bei eis ab dësem Joer all Kéier am Cycle 3.2 eng éischt Initiatioun kréien an d’Éischt Hëllef an dann opgedeelt op de 4.1 an de 4.2 jeeweils 8 Stonnen, sou dass se dann op 20 Stonne bei eis kommen, mee dat sinn awer dann insgesamt déi 16 Stonne vun engem Éischt-Hëllef-Cours, déi si bei eis ofgeschloss hunn, éier se dann an de Lycée an d’Stad ginn."

Och wann de Contenu vun deem, wat d’Kanner hei am Éischt-Hëllef-Cours léieren, dee selwechten ass wéi dee fir Erwuessener, sou muss een dat awer kandgerecht eriwwer bréngen. Ma mat Kanner sou e Cours ze maachen, huet awer och kloer Virdeeler:

"Wat mir bei Kanner immens gutt gefält, dat ass, dass si sech vill, vill manner Froe stelle wéi Erwuessener. Ech ginn e ganz einfacht Beispill: Wa mer soen, e Mënsch ass ëmgefall, en äntwert net méi an en otemt net méi, da muss e reaniméiert ginn. Wann Dir dann engem Kand eng Reanimatiounspopp dohinner leet, da reaniméiert d’Kand d’Reanimatiounspopp. An en Erwuessene fänkt un, sech Froen ze stellen: Wat ass da wann ech eng Rëpp briechen, wat ass dann, wann elo hei a wann elo do? An dat gefält mir bei Kanner immens gutt. Si maache vill méi schnell a sou kann ech e Liewe retten, well bei enger Reanimatioun kënnt et op all Sekonn quasi un."

D’Kanner waren op jiddefalls begeeschtert vum Cours a geléiert hu si och eng Rei Saachen. Den 10. Juli ass da fir d’Schüler vu Stengefort d’Diplom-Iwwerreechung. Fir datt si gutt virbereet sinn, wann et mol misst néideg sinn, enger Persoun an Nout ze hëllefen.

Back to Top
CIM LOGO