Si mer emol éierlech: déi meescht Leit kënne sech en Alldag ouni hiren Handy kaum nach virstellen.

Och wann een net ee vun deenen ass, déi stänneg um Ecran pechen, wier et fir déi meescht awer eng Erausfuerderung, den Handy vun engem Dag op den nächsten opzeginn. Den Handy erfëllt hautdesdaags vill Aufgaben: en ass Entertainer, en hält eis mat aneren a Kontakt, en ass eis Museksstatioun an e weist eis och alt emol de Wee.

Wärend eng Rei vun eis nach gutt un e Liewe viru Smartphone a Co. erënnere kënnen, stëmmt dat fir déi Jugendlech vun haut net. Si si sougenannten "Digital Natives" an hunn ni eng Handy-fräi Gesellschaft kennegeléiert. Ëmsou méi spannend ass de Versuch, deen elo am Kader vun enger "Dok 1"-Sendung gemaach gouf: 69 Jugendlecher goufe gebieden, hiren Handy dräi Woche laang auszeloossen. Dat heescht am Kloertext: keen TikTok, keen Instagram, an och soss keng Apps méi.

D'Schülerinnen a Schüler aus engem Gymnasium am éisträichesch Gänserndorf hunn d'Ausnamesituatioun dräi Woche laang an "analogen" Tagebicher festgehalen. Virun allem an den éischten Deeg kachen d'Emotiounen och emol héich. Kee Wonner, haten déi Jugendlech, déi am Experiment deelgeholl hunn, uginn, am Schëtt eng 5 Stonnen den Dag um Handy ze hänken. Domat leie si och ongeféier um Schnëtt vun deene Jonken tëscht 17 an 30 Joer zu Lëtzebuerg: déi verbréngen dem Bee Secure Radar 2025 no ronn 5 Stonnen a 14 Minutten den Dag um Handy.

Ma wéi steet et ëm déi laangfristeg Auswierkungen? Am Kader vum Experiment goufen déi Jonk och psychesch suivéiert an evaluéiert: eng Kéier kuerz ier si hiren Handy ofginn hunn, eng Kéier kuerz drop, an eng Kéier sechs Woche méi spéit. De Psycholog Oliver Scheibenbogen vum Anton-Proksch-Institut, deen d'Experiment fir den ORF begleet huet, sot dem Medium géigeniwwer, d'Resultater hätte bal net méi däitlech ausfale kënnen. Dat psychescht Wuelbefanne wier duerch déi dräi Wochen ouni Handy ëm iwwer 30 Prozent geklommen.

Och wann een ouni Smartphone haut just nach schwéier duerch d'Liewe kënnt - fir vill Jugendlecher, déi deelgeholl hunn, huet et zu engem gewëssen ëmdenke gefouert. "Dok 1" – "Drei Wochen Handy-Entzug: Das Experiment" kënnt Dir hei op ORF ON kucken.