Dëst Joer war déi zweeten Editioun vun "Astronaut for a Day - Luxembourg".

"Astronaut for a Day" / Reportage: Chris Meisch

Sech een Dag laang wéi en Astronaut fillen, dovun dreeme vill Leit. Um "Astronaut for a Day" hunn 13 Lëtzebuerger a Lëtzebuergerinnen en Abléck kritt. De Programm adresséiert sech u Jonker, tëscht 13 an 21 Joer, an der Hoffnung esou nei Talenter ze fannen, déi duerno am Raumfaart-Secteur wëlle schaffen. D’Finalisten huelen un Atelieren an Trainingen deel, wou si zesumme mat Astronauten an Experten an der Raumfaart, Exercicer ronderëm Teamwork a Raumfaart erliewen.

Den Highlight vum Programm war dëse Mëttwoch, wéi déi 13 ausgewielte Lëtzebuerger Kandidaten e sougenannte Parabelfluch haten, deen de Verloscht vun der Schwéierkraaft simuléiert. Vun elo u si si ee Joer laang Ambassadeuren an Ambassadricë vun der Lëtzebuerger Agence fir d‘Raumfaart.

Inspiréiert vun enger Initiativ aus Portugal, riicht sech de Programm u Schüler aus dem Secondaire zu Lëtzebuerg, déi dreemen, déi nächst Generatioun vun Astronauten ze ginn. E Concours deen d‘Luxembourg Space Agency LSA, zesumme mat der ESA, der Europäescher Weltraum-Agence, organiséiert. Bei der zweeter Editioun, déi am Februar lancéiert gouf, hate sech méi wéi 400 Jugendlecher gemellt – bal duebel souvill wéi 2023. Duerno goufen 13 Finalisten ausgewielt, déi spéider sougenannte "Space Ambassadors" an hire Schoulen a Gemenge ginn, wou si dann aner Jonker fir de Secteur inspiréiere sollen. E Mëttwoch de Moie sinn d‘Schüler fir de Parabelfluch zu Bordeaux gestart, an duerno nees um Findel gelant. Si ware ganz houfreg, wéi si erëm aus dem Fliger geklomme sinn a gratuléiert an applaudéiert kruten.
 
Antëscht ginn et ronn 80 Entreprisen am Grand-Duché, a bal 1.700 Leit, déi an dësem Beräich schaffen. Mat dësem Concours versprécht ee sech, de Kandidaten d‘Méiglechkeet ze ginn, méi iwwert d‘Raumfaart gewuer ze ginn, Talenter ze developpéieren an de Lëtzebuerger Weltraumsecteur ze promovéieren, erkläert de Marc Serres Direkter vun der LSA.

"De Secteur huet sech wierklech ganz staark entwéckelt. Et ass ee Secteur, wou ee qualifizéiert Leit brauch. Dat heescht, do musse mir eppes maachen, fir Talenter ze entwéckelen an net nëmmen d‘Leit an d'Ausland siche goen, mä och hei zu Lëtzebuerg déi Jonk ënnerstëtzen, déi esou eppes wëlle maachen."
 
Dëst Joer gouf de Programm erweidert, sou datt och Schüler a Schülerinnen aus Éisträich an Estland mat dobäi waren.

Zanter 2023 gëtt den "Astronaut for a Day" all zweet Joer vun der Luxembourg Space Agency organiséiert. Wat als Initiativ fir Schüler ugefaangen huet, huet sech mëttlerweil zu engem feste Bestanddeel vun der nationaler Raumfaartstrategie entwéckelt. Déi nächst Kandidatur fir "Astronaut for a Day – Luxembourg" leeft am Fréijoer 2027 un.