Zu Rolleng bei MierschD'Marie Reiter-Biewer huet hiren 100. Gebuertsdag gefeiert a gouf gläichzäiteg geéiert

Charles Reiser
An deem Kader krut si den "Ordre de mérite" iwwerreecht.
© Charles Reiser

Gutt gelaunt a mat dem néidegen Humor konnt d'Marie Reiter-Biewer, dei zënter dem 18. Februar 2011 hire Liewensowend am Cipa - Blannenheem verbréngt, op stolz 100 Liewensjoren zeréck kucken. Op den Dag genee ass d'Jubilarin och am Kader vun enger schéiner Feier am Cipa- Blannenheem gefeiert ginn. Et war fir d'Madame Carole Theisen, Direktorin a Presenz vum Generaldirekter Pierre -Jean Oger an der Presidentin vum Verwaltungsrot, Marianne Brosius - Kolber eng besonnesch Freed, fir dem Marie Reiter-Biewer zu hirem ronne Gebuertsdag di allerbescht Wënsch am Numm vum Haus iwwerbréngen ze dierfen.

D'Marie Biewer ass den 28. September 1926 als dat jéngst vun zwee Kanner vum Jacques Biewer a Anna Schweiyen zu Buerschent op d'Welt komm. Nodeems si zu Ettelbréck am St. Anne d'Haushaltungsschoul gemaach hat, huet d'Marie Biewer bei hirem Papp am Stot , de Verwalter op der Tschideschmille bei Dikrich war, geschafft.

Den 9. November 1946 huet si sech mam Nic Reiter vu Méischtref bestuet a sinn duerno am Joer 1953 op Biereng/Miersch geplënnert. Aus hirem Bestietnis si 4 Jongen ervirgaangen.

Haut ziele 5 Enkel- a 7 Urenkelkanner zum Stolz vun der Famill Reiter-Biewer. Leider ass hire léiwe Mann Nic den 6. Juni 2008 verstuerwen. Elo gëtt d'Jubilarin scho 15 Joer am Cipa- Blannenheem mat vill Léift a Kompetenz versuergt, wou si sech och wuelfillt. Ganz iwwerrascht vum Besuch vum Max Hahn, als Familljeminister war d'Marie Reiter-Biewer dee mat Kaddoen a Blummen komm war, fir dem Gebuertsdagskand am Numm vum Groussherzog an der Regierung och häerzlech ze gratuléieren. Mam Uspéngele vum "Ordre de mérite" war d'Jubilarin besonnesch iwwerrascht an huet och duerfir a fir Alles, Merci gesot.

Eng schéi Gebuertsdagskaart mat Blumme vum Personal a vum Haus an och di schéi Blummen vun der Gemeng Miersch hunn dem Gebuertsdagskand och ganz vill Freed gemaach. Mam Opschneide vum Gebuertsdagskuch ass zesumme mat der Famill d'Glas erhuewe ginn an op weider schéi Jore geprost ginn.

Back to Top
CIM LOGO