
Zanter dem 4. Juli däerf nees an der Seine geschwomme ginn. D'Stad huet dräi gratis a bewaachte Plazen zu Grenelle, Bercy an am Bras Marie opgemaach. 2025 war et fir d'éischt zanter méi wéi engem Joerhonnert, datt d'Seine fir de Public op war. Wärend den Olympesche Spiller 2024 war et nëmmen den Athleten an Athletinnen erlaabt, an der Seine ze schwammen. Déi dräi Buedplaze bleiwe bis Enn August op.
Wéinst Verschmotzunge war et laang verbueden, am Floss ze schwammen. Och haut ginn all Dag Prouwe gemaach, fir sécherzestellen, datt d'Schwammen an der Seine keng Risike fir d'Gesondheet duerstellt. E jonke Mann, dee bei Grenelle an d'Waasser gaangen ass, gëtt zou, datt hien ugangs e bëssen Angscht hat mee vu datt all Moien Tester gemaach ginn, fillt hie sech awer sécher a passt op, kee Waasser ze verschlécken.
Och eng Fra, déi an der Seine buede war, ass begeeschtert. Si seet, d'Schwammen am Floss wier nach méi schéin wei an der Schwämm a géif hir e bëssen d'Gefill vu Vakanz vermëttelen.