A sengem Atelier zu Esch gëtt all Liederhaut genee ënnert d'Lupp geholl. Fir den Olivier Weis ass all Material anescht. D’Geschmeidegkeet, d’Textur an d'Liicht entscheeden, wéi eng Posch, wéi ee Portmonni oder wéi een Aarmband aus dem Lieder entsteet. Hei ass Prezisioun keng Optioun, mee eng Viraussetzung. All Schnëtt an all Stéch muss sëtzen.
Nieft Krokodil-, Geessen-, Python- oder Rochen-Lieder schafft hien och mat innovativen Alternativen. Fir d'Biennale vun De Mains De Maîtres huet hien eng Posch aus Myzel, engem Pilznetz, hiergestallt. Gläichzäiteg restauréiert hien antik Liederstécker a léisst historesch Objete mat vill Gedold nees opliewen.
Am Mëttelpunkt vu senger Aarbecht stinn d'Wënsch vun de Clienten. Vum Design iwwer d'Liedervariant bis bei d'Faarf vum Fuedem gëtt all Detail zesumme festgeluecht. Sou entstinn Accessoiren, déi sech un de Besoinen an un de Goût vun hire Besëtzer orientéieren – esouguer d'Zuel vun de Kaarten, déi an e Portmonni solle passen, gëtt mat ageplangt.
Och fir personaliséiert Aarmbänner fir Aueren ass den Olivier Weis bekannt. Zesumme mat engem lëtzebuergesche Bijou- an Aueregeschäft bitt hien eng grouss Auswiel u Materialien, Texturen a Faarwen un. Trotz moderner Kreatioun bleift d'Handwierk traditionell. All Stéch gëtt mat der Hand gesat, ënner anerem mam sougenannte Sattelstich. Sou hannerléisst den Handwierker op all eenzelem Stéck säin eegenen, bal onsiichtbaren Ofdrock.