Asteroiden, Weltraumfuerschung an de Schutz vun eisem Planéit: zwee Deeg laang huet sech am Cercle Cité an der Stad alles ronderëm de Weltall gedréint. E Samschdeg um Asteroid Day Festival stoungen interaktiv Ateliere fir Grouss a Kleng um Programm, esou wéi Virträg iwwert alles, wat mat Raumfaart ze dinn huet. Ee vun den Highlighte waren déi dräi Astronauten, déi net just Autogrammer ginn hunn, ma och hir Erfarunge mat de Visiteure gedeelt hunn. Dorënner och den Amerikaner Mike Foreman, dee fir d’NASA op zwou Space-Shuttle-Missioune war a méi wéi 630 Stonnen am All verbruecht huet.
"Ech erënnere mech nach ganz genee u mäin éischte Weltraumspadséiergang. Ech hunn zwar Honnerte vu Stonnen a mengem Kostüm trainéiert, a wousst genee, wat ech misst maachen. Mä ech war net zu 100% sécher, wéi ech mech baussent dem Raumschëff géif fillen. Well mir trainéieren an engem grousse Baseng ënner Waasser. Mee wéi wäert et sinn, wann ech dobausse schwiewen an op d'Äerd erofkucken? Wäert ech mech fillen, wéi wann ech falen? Mä wéi ech dobausse war, hunn ech mech direkt wuel gefillt. Den Training huet sech ausbezuelt. No net emol enger Minutt war ech komplett entspaant an hu geduecht: 'Ah, dat ass super! Ech sinn dat gewinnt, ech weess genee, wat ech maachen.'"Mike Foreman
En Dënschdeg am "Magazin" erzielt de Mike Foreman méi iwwert seng Weltraum-Missiounen. Do dernieft gëtt et Andréck vun de Visiteuren, a mir gi méi iwwer d'Luxembourg Space Agency an hir Ziler gewuer.