
Si gouf ënnert anerem duerch Filmer wéi "Roman Holiday" ("Ein Herz und eine Krone") mam Audrey Hepburn a mam Gregory Peck, oder och nach an "Dolce Vita" vum Federico Fellini berüümt. Si ass weltwäit e Symbol fir dat italieenescht Liewensgefill.
Eng Rei Chaufferen hunn de Weekend zu Roum a kompletter Motosmontur der Hëtzt getrotzt, ma anerer souzen am T-Shirt um Moto - mol eleng, mol zu zweet. Den Organisateuren no waren eng 25.000 vun de Kult-Gefierer de Weekend bei der Parad derbäi.
"Mir hunn eis Vespa aus den USA matbruecht. Mir sinn duerch Däitschland an dann iwwer Wien gefuer", huet de Vespa-Fan David Baamonde aus Texas der AFP-TV géigeniwwer bericht. Zwou Woche laang wier hie mat senger Vespa vun Éisträich op Roum gefuer.
"Fir mech ass d'Vespa eng Liewenskonscht", esou den Italieener Andrea Musco. Sie géif fir hie fir Liichtegkeet stoen. et géif drëm goen, de Moment ze genéissen a Landschaften ze entdecken.
"D'Geschicht vun der Vespa, déi quasi den Opschwong vun Italien nom Zweete Weltkrich begleet huet, ass gewëssermoossen een ikonescht Symbol vun eiser Geschicht an eiser Kultur", esou de Buergermeeschter vu Roum, de Roberto Gualtieri. Et wier "d'Symbol vun engem Italien, dat aus dem Krich ervirkënnt an nees op d'Bee kënnt." Hie wier "houfreg" dorop, datt de Produzent Piaggio decidéiert hätt, den Anniversaire zu Roum ze feieren.
Vespa ass dat italieenescht Wuert fir "Harespel". Den Numm bezitt sech op d'Motor-Geräisch vum Prototyp. D'Fans vum ikoneschen Zweerad gi Vespisti genannt. Den éischte Patent fir d'Produktioun vun der Vespa gouf den 23. Abrëll 1946 ugemellt. Zanterdeem gëtt se virun allem zu Pontedera an der Toskana produzéiert.